Dee genaue Chiffer dierft net mat der Ëffentlechkeet gedeelt ginn, well en am huis clos ausgeschwat ginn ass. D’Vizepresidentin vun der Digitaliséierungskommissioun, d'Françoise Kemp vun der CSV, seet sech awer zefridde mat deem, wat d’Deputéiert presentéiert kruten.
“Ech mengen, et ass wichteg och ze soen, datt Cyberattacke leider ëmmer méi op der Welt all Dag ginn, datt mir net méi betraff si wéi aner Leit, datt leider reegelméisseg esou Attacke stattfannen, an datt mir definitiv et hikréien, se ofzewieren, a gutt opgestallt sinn.”