Radioen

On air

Notturno  |  Raftside - The Sun Is Not Fake

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Luc Frieden: Frëndschaft erlaabt et fir och mol ze kritiséieren

Relatioun mat Holland

Luc Frieden: Frëndschaft erlaabt et fir och mol ze kritiséieren

Zanter zwou Woche steet den Dick Schoof un der Spëtzt vun enger e bësse spezieller Véier-Parteie-Regierung an Holland. Gëschter um Méindegmëtteg war den Ex-Chef vum Geheimdéngscht, deen net Member an enger Partei ass, op Aarbechtsvisitt zu Lëtzebuerg. Ervirgehuewe gouf d'Wichtegkeet vum Benelux, mee Froe sinn awer opbliwwen.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Dick Schoof Luc Frieden | © SIP/clp@pt.lu play_arrow
Foto: SIP/clp@pt.lu

Fir de Premier Luc Frieden war et e grousst Zeeche vun Appreciatioun, datt déi éischt Auslandsvisitt vum Dick Schoof an d'Belsch an op Lëtzebuerg goung. Et wier de Beweis dofir, datt de Benelux wichteg ass fir Holland. De Lëtzebuerger Regierungschef huet awer net verstoppt, datt déi hollännesch Véier-Parteie-Regierung op eenzele Punkten eng Erklärung schëlleg ass.

Luc Frieden: "Ganz enk Relatiounen"

Holland bleift e Partner a ville Sujeten, huet de Luc Frieden betount. Allerdéngs dierft d’Koalitioun tëschent Rietspopulisten, Konservativ-Liberalen, Zentristen an Europaskeptiker d'Rechtsstaatlechkeet net a Fro stellen. Säin Homolog misst déi eenzel Sensibilitéiten zesummebréngen, an dem Dick Schoof no stéing näischt am Koalitiounsaccord, wat géint europäesch Prinzippie wier. De Luc Frieden betount awer, datt een dat genee kucke géing.

"Ech kann Iech soen, datt ech ganz kloer gemaach hunn, datt mat de Positioune vun net all de Parteie vun där Koalitioun ech mech géif zu Recht fannen. Wa mir op Punkten eng aner Meenung hunn, da wäert eis Frëndschaft och erlabe fir kloer ze soen, datt dat géint eis Wäerter a Prinzippie geet.”

Dat wier keng Iwwerraschung fir säin hollännesche Kolleeg gewiescht, en Technokrat, deen e Programm ëmsetze géif, esou de Lëtzebuerger Premier, deen nach vu ganz enke Relatioune mat Holland geschwat huet.

Dick Schoof: Benelux ass lieweg

Och den Dick Schoof huet op déi enk Lienen tëschent Amsterdam, Bréissel a Lëtzebuerg verwisen. Dofir wier et nëmme logesch, datt seng éischt bilateral Entrevue mat senge Kolleegen aus dem Benelux sollt sinn.

“So it makes perfect sense that my first bilateral meeting should be with my Benelux-counterparts.”

Op d’Fro hin, wat wichteg wier fir déi nei hollännesch Regierung, huet de Regierungschef zwee Haaptsujete genannt.

“Of course, the agreement of the Dutch government focusses very much on lessening irregular immigration and also more perspective for farmers.”

Den Accord vun der hollännescher Regierung géif sech also staark op d'Reduzéiere vun der irregulärer Awanderung an och op méi Perspektive fir d'Bauere konzentréieren.

Den Dick Schoof huet nach ervirgestrach, datt d'80 Joer vum Benelux virun der Dier stinn. E Benelux, dee lieweg wier. De Luc Frieden huet deen iwwerdeems e "Laboratoire fir Iddie" genannt.

Lauschteren