arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lëtzebuerg a Frankräich ënnerschreiwen gemeinsam Deklaratioun zu Militärindustrie

Defense

|
reading time

1 min

Lëtzebuerg a Frankräich ënnerschreiwen gemeinsam Deklaratioun zu Militärindustrie

Lëtzebuerg a Frankräich hunn eng gemeinsam Déclaration d’intention iwwer eng verstäerkte Cooperatioun am Beräich vun der Militärindustrie ënnerschriwwen. Déi Franséisch Defenseministesch Catherine Vautrin an hir Lëtzebuerger Homologin Yuriko Backes hunn dat de Mëtteg zu Lëtzebuerg gemaach. 

reading time

1 min

Déi franséisch Defenseministesch Catherine Vautrin (l.) an déi Lëtzebuergesch Defenseministesch Yuriko Backes | © Carole Schimmer
Déi franséisch Defenseministesch Catherine Vautrin (l.) an déi Lëtzebuergesch Defenseministesch Yuriko Backes (Foto: Carole Schimmer)

Ënner anerem wëllt een an de Secteure Satellitten a Cybersécherheet zesumme kënnen Technologien entwéckelen.

Béid Ministerinnen hu virun der Press nach eng Kéier hiert Engagement vis-à-vis vun der Ukrain widderholl.