Fir den Institut IMD, deen déi Etude mécht an d‘Chambre de Commerce, ass dat d‘Confirmatioun, datt Lëtzebuerg definitiv u Kompetitivitéit verléiert. Zanter 2021 fällt Lëtzebuerg am internationale Ranking, eleng an de leschten zwee Joer huet de Grand-Duché 10 Plaze verluer.
Dëst schlecht Resultat wier virun allem op di schwaach Economie zréckzeféieren. Lëtzebuerg huet méi e schwaache Wirtschaftswuesstums-Taux wéi d‘Moyenne an der Eurozon. An d‘Croissance ass hei am Land och méi niddreg wéi an anere klenge Länner.
Op den éischte Plazen am Kompetitivitéits-Index leie Singapur, Schwäiz, Dänemark an Irland.