arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Léon Gloden presentéiert neit Konzept vu fräiwëllegem Retour

Immigratioun

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Léon Gloden presentéiert neit Konzept vu fräiwëllegem Retour

Den Inneminister Léon Gloden wëllt an Zukunft de fräiwëllege Retour vu Persounenn där hir Asyldemande definitiv ofgewise gouf oder déi keng Openthaltsgeneemegung hunn, favoriséieren. An der Immigratiounsdirektioun gëtt heivir eng néi Equipe vu sechs Beamte geschaf.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© dpa | Boris Roessler
(Foto: dpa | Boris Roessler)

Déi sechs Beamten sollen de Retour mat organiséieren an déi betraffe wärend dëser Prozedur Persoun betreien. Fir de Retour ze erméigleche kritt d’Persoun eng Finanziell Hëllef ugebueden. Dëst ka  jee no Familljen tëscht 3.900 a 6.000 Euro leien. 

Weider gëtt een Encadrement assuréiert fir de Betraffenen ze hëllefen an hirem Pays d'origine nei Perspektiven ze schafen. Dozou gehéiere Méiglechkeete fir sech auszebilden, en vue vun zukünftege berufflechen Opportunitéiten.

Maison de Retour

Déi international Organisatioun fir Migratiounen OIM an déi europäesch Grenzschutzagence Frontex kënnen derbäi hëllefen. Déi Leit mussen en attendant an der sougenannter Maison de Retour um Kierchbierg ënnerbruecht ginn.

Den Innen- an Immigratiounsminister Léon Gloden huet op Nofro hin, seng Positioun erkläert. Dat vis à vis vu forcéierte Retoure vu Leit aus Afghanistan. Hien huet zesumme mat aneren 20 EU-Memberlänner ee Bréif un d’EU-Kommissioun mat ënnerschriwwen. 

Expulsioun vu Stroftäter

An deem Schreiwes geet et ënner anerem dorëms, datt Leit déi an engem anere Land condamnéiert gi si, well se eng schwéier Strofdot begaangen hu, musse kënnen an hiert Land zréckgeschéckt ginn, esou de Leon Gloden. 

"Dat heescht, andeem deen déi Strofdot mécht, duerchbrécht e jo d'Schutzschëld vun deem Rechtsstaat, wou e gär d'Schutzschëld hätt, well en aus dem Afghanistan fortleeft."

De  fräiwëllege Retour bleif de Kär vun dësem neie Konzept vum Innen- an Immigratiounsminister Léon Gloden

play_arrow Lauschteren