Riets war deemools awer vu 7 Gemengen. Op eng weider Fro vum gréngen Deputéierte Meris Sehovic hëlt den Inneminister sech elo zeréck: Et wiere just 6 Gemenge gewiescht, déi eng onkomplett Dokumentatioun geschéckt haten.
Déi betraffe Gemenge sinn: Bauschelt, Leideleng, Manternach, Schëtter, Ëlwen a Waldbëlleg.
Betraff waren 1.299 Wieler. D‘Gemenge goufen aviséiert, hinnen d‘Dokumenter nozeschécken. D‘Wieler hätten entretemps awer och schonn d‘Méiglechkeet, d‘Instruktiounen op den diversen Internetsitten ze consultéieren, sou de Minister.