Bis elo hätt Lëtzebuerg nach keng Gespréicher mat anere Länner geféiert, fir sougenannte Return Hubs, mee et géif een d‘Evolutioun vun deenen Hubs am Ausland – ënner anerem an Däitschland an an Holland - suivéieren.
Den Inneminister erënnert drun, datt déi proposéiert Return hubs just Drëttstaatler am illegalen Openthalt concernéieren. Eng Externalisatioun vum Traitement vun Asyldemanden, esou wéi dat am Ufank beim italieenesch-albanesche Modell de Fall war, géif vun der CSV-DP Regierung net ënnerstëtzt ginn.