Radioen

On air

Notturno  |  Roos Jonker & Dean Tippet - Love Like That

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ "Leit, déi schlecht dru sinn an op d'Wanteraktioun zeréckgräifen: Ass dat e Skandal?"

Kritik um Max Hahn

"Leit, déi schlecht dru sinn an op d'Wanteraktioun zeréckgräifen: Ass dat e Skandal?"

Eng Ausso vum Familljeminister Max Hahn d'lescht Woch bei der Presentatioun vun der Wanteraktioun huet eenzel Leit schockéiert. Et geet ëm auslännesch Leit, déi an d'Wanteraktioun ginn.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

play_arrow
De Serge Kollwelter ass Member vun der Associatioun Solidaritéit mat den Heescherten. (Foto: Archiv)

Am Wanter d'lescht Joer hate sech ganz vill Leit an der Noutstruktur um Findel presentéiert, déi offensichtlech aus dem Ausland koumen an de soziale Servicer hei am Land virdrun net bekannt waren. Dozou sot de Familljeminister, datt een an engem Debriefing vum leschte Joer mam Sozialsecteur scho festgeluecht hat, datt een eppes adaptéiere misst, "well mir ganz vill Zoulaf hunn, och vun anere Länner, wat riskéiert, datt op eemol opdachlos Mënschen hei zu Lëtzebuerg keen Dag méi iwwert dem Kapp wärend de Wanterméint géife fannen."

Dofir gouf proposéiert (a vum Ministère och approuvéiert), datt ëmmer, wa Minustemperature riskéieren ze kommen, een ëmmer ausnamslos jiddereen ophëlt. 

"Mee do driwwer eraus, wann et Leit sinn, déi ganz nei hei zu Lëtzebuerg sinn, datt si dann dräi Nuechten an dräi Deeg kënnen hei iwwernuechten, an da gëtt och e soziale Suivi mat deene Leit gemaach an da gëtt dann och gekuckt, fir déi Leit kënnen dohinner ze féieren, wou si dann hir Rechter och hunn.”

Serge Kollwelter: "Ass dat ee Skandal?"

De Serge Kollwelter, Member vun der Associatioun Solidaritéit mat den Heescherten, kritiséiert de Familljeminister staark. Hie gleeft dem Minister, datt hien dat héieren hätt vun den Institutiounen, déi um Terrain schaffen. D’Associatioun Solidaritéit mat den Heescherte kréich och Echoe vun eenzelne Sozialaarbechter, déi an deene Strukture schaffen. Mee déi wieren och net esou iwwerrascht, datt wann all Dag 250.000 Grenzgänger op Lëtzebuerg kommen, datt dann och Auslänner de Wee an d’Wanteraktioun géinge fannen.

Dat kéinte Leit sinn, déi eng Aarbecht sichen, awer keng fannen.

"Leit, déi schlecht dru sinn an dann op Wanteraktioun zeréckgräifen: Ass dat e Skandal?"

Trotzdeem ass et esou, datt just eng limitéiert Zuel vu Better an der Wanteraktioun zur Verfügung steet. D’Fro stellt sech, wéi een domadder ëmgoe soll.

"Et ass elo awer net esou, datt mir do iwwerrannt wieren. Dat kënnt un hir Limitten, dat ass richteg."

Bild vun enger Triple-A-Gesellschaft

De Serge Kollwelter mengt, datt een et och begréisse misst, datt et iwwerhaapt eng Wanteraktioun gëtt, mee domadder géing et awer net duergoen. Leit, deenen et schlecht géif goen, kéime schliisslech net “als Toursimus” op Lëtzebuerg.

"Ech ginn Iech e Beispill: Mir kennen do Leit, déi hei esou Geleeënheetsaarbechte maachen an de Summer an der Jugendherberg iwwernuechten an domadder ganz wéineg verdéngen, an déi dann de Wanter fir ze spueren an d'Wanteraktioun ginn. Ass dat e Skandal?"

Dëst wier fir d’Leit sécherlech keng einfach Léisung. Mee, wat dobäikéim an och Froen opwërft, datt sozial Institutiounen ugestallt géinge ginn, d'Leit ze fichéieren. En vue vun der Protection des données personnelles schwätzt de Serge Kollwelter och vun engem eventuelle Konflikt.

Mee hunn dës Institutiounen net d’Recht ze wëssen, vu wou d’Leit hierkommen? De Fichage vun de Leit stéing den ëffentlechen Institutiounen zou a kéint dofir och net outgesourced ginn, preziséiert de Serge Kollwelter.

"Mech erënnert dat iergendwéi esou e bësselchen, wéi wa sech eis Regierung wéilt par rapport zur Populatioun an e schéint Liicht stellen. Éischt Zil: d'Heescherten. Dann d'Romaen. An elo d'SDF. Ass dat dat Bild, wat mir vun eiser Triple-A-Gesellschaft wëlle ginn?"

Vun 2030 u kee Sans-abrisme méi

Fir d’Associatioun Solidaritéit mat den Heescherten hänken an deem Dossier vill Saache mateneen zesummen. Leit, déi Geleeënheetsaarbechten hunn, kënne sech beispillsweis keng Wunneng leeschten, wat nees de Logementsproblem zu Lëtzebuerg an de Vierdergrond stellt. Ee Problem, dee Lëtzebuerg “zënter Joerzéngten erëmschleeft”, esou de Serge Kollwelter.

Vergiessen dierft een och net eng Konventioun op EU-Niveau, déi Lëtzebuerg mat ënnerschriwwen huet.

"Dat Ganzt hänkt zesumme mat enger Rei vun anere Saachen an awer och mat engem Challenge, dee mir hunn, fir bis 2030 mat dem Sans-abrisme opzehalen. Dat hu mir ënnerschriwwen op EU-Niveau an dann ass dat doten een Deel dovunner. D'Wunnengen huet de Lëtzebuerger."

Wann de Suivi social adequat géif fonctionéieren, da bräicht een och net méi Better an der Wanteraktioun, ënnersträicht de Serge Kollwelter.

Lauschterenplay_arrow