Et hätt een an de Woche virum Referendum scho gespuert, datt et knapp kéint ginn. De Buergermeeschter Lou Linster war net iwwerrascht iwwert d’Resultat.
“Iwwert déi lescht Deeg a Wochen huet sech eng liicht Tendenz zum Nee ofgezeechent. Et muss een awer och soen, et schwätzt een zwar mat ville Leit, do waren och eng ganz Partie “Jo” drënner, mee et ass awer éischter ëmmer den Nee, dee sech manifestéiert an esou Gespréicher. Well déi, déi fir eppes sinn, déi manifestéiere sech oft manner an dofir huet ee gemengt et géif éischter eng negativ Tendenz ginn.”
64 Prozent Walbedeelegung
Markant war datt vun de 1.600 Walberechtegten der nëmmen 1.021 un deem Referendum partizipéiert hunn. Dat si knapp 64 Prozent gewiescht. Dozou huet de Buergermeeschter keng Explikatiounen, ausser datt eng Rei Leit ze spéit dru geduecht hu fir d’Bréifwal unzefroen. Mee dat géif kaum duergoe fir déi niddereg Bedeelegung ze erklären, betount de Lou Linster.
Et géif een elo d’Resultat vum Referendum respektéieren, a punktuell do wou et onbedéngt néideg ass eng 30er Zon installéieren, präziséiert nach de Lou Linster.
“Et ginn nach ëmmer eng ganz Partie Plazen an der Gemeng, wou einfach d'Stroossen immens breet sinn, wéi zum Beispill tëschent der Leidelenger Gare an dem Schléiwenhaff, do musse mir eppes an do wäerte mir och eppes maachen, mee déi Verkéiersberouegungsmesuren, déi mir realiséieren, déi wäerten all op 50 Kilometer an der Stonn ausgeluecht ginn.”
"Mir deet et alles anescht wéi leed"
Et wier awer e wichtegen Exercice gewiescht fir e Referendum ze maachen, seet de Buergermeeschter. Hien géif et net bedaueren an och an Zukunft net dovun zeréck schrecken nach e Referendum ze maachen.
De Lou Linster geet iwwerdeems net dovunner aus, datt de Gemengerot vun de Wieler:inne bestrooft gouf, mee datt d’Wieler:innen effektiv op d’Fro vum Referendum mat hirem Vott geäntwert hunn.