arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Leetzëns bléift onverännert

EZB

|
headphones

1 min

Leetzëns bléift onverännert

Déi Europäesch Zentralbank (EZB) léisst d‘Leetzënsen am Euroraum, wéi erwaart, onverännert bei 2 Prozent. Schonn am Juli hat d‘EZB d‘Leetzënse, wéinst de politesch onsécheren Zäiten, net ugepaakt.

headphones

1 min

Iwwerdeems schéngt d‘Wirtschaft an den Eurolänner déi erhéichten amerikanesch Douanestaxe besser ze verkraften, wéi gefaart gi war.

D‘EZB rechent domat, datt et méi eng grouss Croissance dëst Joer wäert ginn, wéi nach virun 3 Méint geduecht gi war.

D‘Ekonomie an der Eurozon wier deemno méi robust, wéi erwaart.

Am Verglach: Virun engem Joer waren d’Haaptzënstauxe vun der EZB ongeféier duebel sou héich wéi haut.

Zur aktueller politescher Crise a Frankräich wollt d’EZB-Presidentin Christine Lagarde sech de Mëtteg awer net äusseren.

"Ech évitéieren dat, well mir d’Eurpoäesch Zentralbank sinn a mir d’Situatioun net just opgrond vun engem eenzelne Land beuerteelen. Wësst Dir, ech géif soen, datt ech Vertrauen hunn, datt déi jeeneg déi d’Decisiounen huelen sech et zu Häerz huelen fir an onsécheren Zäiten, d’Onsécherheete sou kleng wéi méiglech ze halen."