arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lecornu wërft Parteie Mangel u Kompromëssbereetschaft an eng Blockad-Haltung vir

No senger Demissioun

|
headphones

1 min

Lecornu wërft Parteie Mangel u Kompromëssbereetschaft an eng Blockad-Haltung vir

Et ass weider onkloer, wéi et a Frankräich weidergeet no der iwwerraschender Demissioun um Méindegmoie vum Premier Sébastien Lecornu, knapp e puer Stonnen, nodeems hie gëschter um Sonndeg déi éischt Nominatioune vun der neier Regierung ugekënnegt hat.

headphones

1 min

© EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT
(Foto: EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT)

Déi schéngen dann och den Ausléiser vun der Kris ze sinn: De Sébastien Lecornu sot an enger Ried um Méindegmoien, datt d‘Konditioune fir Premier ze bleiwen net méi erfëllt gewiescht wieren.

Kritik um a vum Bruno Retailleau

Hien huet de politesche Parteien ee Mangel u Kompromëssbereetschaft a Blockad-Haltung virgehäit. Viséiert war domat wuel de Chef vun de konservative Les Républicains, de Bruno Retailleau. Seng Partei huet gëschter scho mat engem Réckzuch aus der Regierung gedreet.

De Bruno Retailleau soll een Drëttel vun de Regierungsposte fir seng Partei verlaangt hunn. An datt de fréiere Wirtschafts- a Finanzminister Bruno Le Maire iwwerraschend als Verteidegungsminister genannt gouf, wier ee Vertrauensproblem, esou nach de Bruno Retailleau.

De Bruno Le Maire gehéiert zur Partei vum Emmanuel Macron a gëllt fir d‘Droite als Symbol vun der Finanzkris am Land.

Vun der Oppositioun ginn et Fuerderunge fir Neiwalen an ee Récktrëtt vum Emmanuel Macron. 

D‘Sozialisten hunn de President Emmanuel Macron opgeruff, fir ee Vertrieder vun der Gauche a vun den Ecologisten als Premier ze nennen.