Frankräich huet zënter en Dënschdeg en néie Premier, awer nach keng nei Regierung. Éier de Sébastien Lecornu seng Ekipp zesummestellt, soll hie sech mat de Parteien an de Sozialpartner treffen, fir e puer Accorde bei de Budgetspläng ze fannen.
Lecornu kompromëssbereet
Gëschter um Freideg war déi gréisste Gewerkschaft, d'CFDT, beim Premier. D'Leaderin Marylise Léon huet no der Entrevue vun engem ganz direkten Austausch mam Premier geschwat. Si hätt him kloer gemaach, datt een net nach eng Kéier eng Konklav wëllt fir iwwer d’Pensiounsreform ze beroden.
Hien hätt hir nogelauschtert, sech awer a Saache Pensiounsreform net wëlle positionéieren. De Premier hätt awer ugedeit, datt hien envisagéiert, räich Persoune méi héich ze besteieren.
D'CFDT-Cheffin sot, d'Gewerkschafte misste méi staark agebonne gi bei de Budgetspläng fir ze vermeiden, datt et nees zu grousse Sträitpunkte kënnt wéi bei der Suppressioun vun zwee Feierdeeg, déi den Ex-Premier François Bayrou jo proposéiert hat.
France Info no wier de Lecornu och bereet, op dës Mesure ze verzichten.
Vun AA- op A+
E Méindeg wäert dann déi zweetgréisst Gewerkschaft, déi lénk CGT, beim Premier op Besuch sinn. D'CGT-Cheffin Sophie Binet sot gëschter an engem Interview mat "Ouest France", datt si fuerdert, datt d’Pensiounsreform ofgeschaaft gëtt an et ee richtege Politikwiessel beim Budget gëtt.
Wéint der Budgetskris an dem politesche Chaos dann huet d'Ratingsagence Fitch gëschter Owend annoncéiert, datt Frankräich vun AA- op A+ degradéiert gëtt. D’'wwerschëldung vum Land géing d'Kapazitéit reduzéieren op Finanzschocken ze reagéieren, heescht et an engem Communiqué.