Hien huet keng weider Detailer genannt. De Sébastien Lecornu huet versprach, all d‘politesch Parteien an den nächsten Deeg ze treffen. Fir ze halen, muss seng zukënfteg Regierung op d‘mannst d‘Sozialisten dovun iwwerzeegen se net ze censuréieren.
Bei der nationaler Protestaktioun haut a Frankräich wieren iwwerdeems bis ewell op d‘mannst 300 Leit festgeholl ginn, esou d‘Autoritéiten. De Streik riicht sech virun allem géint d‘Spuerpolitik vun der virëschter Regierung. En huet och Auswierkungen op Lëtzebuerg: et zirkuléiert keen Zuch tëschent Rodange a Lonkesch an och d’Luxair Vollen an oder duerch de franséische Loftraum si betraff.