arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Direkt a komplett Suspensioun vun der Pensiounsreform

Frankräich

|
headphones

1 min

Direkt a komplett Suspensioun vun der Pensiounsreform

A Frankräich soll déi ëmstridde Pensiounsreform „bis d‘Presidentewalen“ an zwee Joer ausgesat ginn. Dat huet de Premier Sebastien Lecornu a senger Regierungsdeklaratioun proposéiert. Hien mécht domat ee Schrëtt op d‘Oppositioun duer.

headphones

1 min

De franséiche Premier Sebastien Lecornu | © EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT
De franséiche Premier Sebastien Lecornu (Foto: EPA/ALAIN JOCARD / POOL MAXPPP OUT)

Hie sot och, hie géif op den Asaz vum Artikel 49,3 verzichten – d’Parlament géif ëmmer dat lescht Wuert behalen. A beim Budget wëll hie Verméige méi héich besteieren. Dat waren d’Fuerderunge vun de Sozialisten, déi elo wäerten decidéieren, ob se mat der Gauche an dem RN zesummen d’Regierung stierzen oder se am Amt halen. En Donneschdeg muss de Sebastien Lecornu sech zwee Mësstrauensvote stellen.

D‘Aussetze vun der Reform géif de Staat iwwerdeems d‘nächst Joer 400 Milliounen Euro an dat Joer drop 1,8 Milliarde kaschten. Se misst also duerch Spuermesure kompenséiert ginn a kéint net zu engem nach méi groussen Defizit féieren, esou nach de Lecornu.