arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Lecornu gesäit en Auswee ouni Neiwalen

Frankräich

|
headphones

1 min

Lecornu gesäit en Auswee ouni Neiwalen

A Frankräich gesäit den demissionäre Premier Sebastien Lecornu een Auswee aus der Kris – ouni Neiwalen. Dat sot hien um Mëttwochmoien an enger Ried no 24 Stonne Consultatiounen, ënnert anerem mat de Konservativen a Mëtt-riets Parteien.

headphones

1 min

© EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON
(Foto: EPA/CHRISTOPHE PETIT TESSON)

Et géif ee gemeinsame Wëllen, fir bis Enn des Joers ee Budget ze stëmmen, esou de Sebastien Lecornu. Säin Optimismus gëtt allerdéngs gedämpt duerch d‘Ausso vum Chef vun de Sozialisten: Den Olivier Faure huet no de Gespréicher bedauert, datt de Lecornu him keng Garantie ginn hätt, datt déi ëmstridde Pensiounsreform – wéi vum PS gefuerdert –  zeréckgezu géif ginn. Dat ass allerdéngs eng rout Linn fir d‘Droite a fir een Deel vum Camp vum President Emmanuel Macron.

De Sebastien Lecornu huet nach bis den Owend vum President Emmanuel Macron Zäit kritt, fir eng Léisung ze fannen. Um 8 Auer den Owend soll den demissionäre Premier sech am Journal op France 2 äusseren.