Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Landwirtschaft a Klimawandel: Bauere fuerderen ee weidere Waasserdësch

Landwirtschaft

Landwirtschaft a Klimawandel: Bauere fuerderen ee weidere Waasserdësch

Wéi gëtt een an der Landwirtschaft mat der Dréchent a mat den extreem laange Reeperioden eens, grad wann d’Temperature fir déi aktuell Saison ze déif sinn. Déi Froe stelle sech d’Bauerevereenegungen hei zu Lëtzebuerg. Wichteg wier et ee Waasserdësch nees ze organiséieren, fir iwwer d’Weiderentwécklung vu Projeten ze diskutéieren.

auto_stories

3 min

headphones

5 min

play_arrow

De Reen ass Seegen a Fluch zugläich ënnersträicht de Jean-Claude Muller, President vum Landesuebstbauveräin, deen och de Geméisbau vertrëtt. Mam Klimawandel muss ee Moossnamen ergräife fir sech un d’Haaptdefien unzepassen.

An dat ass d’Dréchent am Summer: 2021 gouf et ee sougenannte Waasserdësch, dee vum Ëmweltministère zesumme mam Landwirtschaftsministère organiséiert gouf. Fir der Waasserknappheet am Summer entgéintzewierke gouf deemools decidéiert, datt Pilotprojete géife lancéiert ginn, fir Waasser am Wanter kënnen an engem Réckhaltebecken ze sammelen.

Pilotprojete kommen net gutt virun

Ee Projet dovunner ass deen zu Conter, wou an der Industriezon am Wanter kéint d’Waasser op versigelt Fläche gesammelt ginn. Dee Projet géif awer net optimal virukommen, betount de Jean-Claude Muller. D‘Verwaltunge géife sech bei den Autorisatioune schwéier doen. Aktuell géif een do mat Drénkwaasser nätzen, bedauert de Claude Muller. 

"Et geet drëm fir dat ze substituéieren an eng Ressource ze huelen, déi souwisou do ass a fréier, éier déi Industriezon do war, ass dat jo och op d'Land gefall an do och dann an de Buedem agesickert.“

Ëmweltminister wëllt Projete séier ëmsetzen

Dozou betount den Ëmweltminister Serge Wilmes, datt een déi Projete wéilt weider ënnerstëtzen. Zesumme mat der Landwirtschaftsministesch Martine Hansen hätt een direkt am Ufank mat de Concernéierte geschwat. Et wéilt een déi Pilotprojeten endlech ëmsetzen.

"Dat sinn natierlech och technesch Projeten, mee mir wëlle gären, datt et an Zukunft och ka méiglech sinn, datt mer d'Fro vum Waasser kënne gekläert kréien, wéi mer déi och an Zukunft kënne benotzen.“

Nei Uplanzmethode géint staark Buedemerosioun

Ee weidere Problem, deen op engem Waasserdësch kéint duerchdiskutéiert ginn, ass dee vun der Buedemerosioun. Grad wann et esou vill reent wéi an de leschte Méint, misst och iwwer nei Ubaumethoden diskutéiert ginn. 

De Christian Hahn President vun der Landwirtschaftskammer fënnt, et misst een ufänken aner Uplanzméiglechkeeten ze testen, fir datt et zu manner Erosioun kënnt. D’Erosioun vum fruchtbare Buedem ass allgemeng ee vun de ganz grousse Problemer, déi ee misst bewältegen.

Serge Wilmes: Landwirtschaftsdësch geet duer

Wéinst dem aktuelle Wieder ass et och d’Fuerderung, datt een dem Bauer eng gutt Versécherung soll kënnen ubidden am Fall vu Verloschter, betount de Marco Koeune vun der Bauerenallianz.

All déi Theeme kéinten am Kontext vun engem Waasserdësch thematiséiert ginn.

Den Ëmweltminister huet awer gemengt, datt d’Agrarministerin Martine Hansen all 6 Méint ee Landwirtschaftsdësch ofhält, an do kéint een iwwer déi Problematiken och diskutéieren. 

Lauschterenplay_arrow