Zënter fënnef Joer schaffe si un der Initiativ 2.000 Meterkaree a proposéieren ee konkrete Léisungsvirschlag.
Am Gaart vum Haus vun der Natur op der Kockelscheier hunn déi 3 Acteuren nämlech genee déi 2.000 Meterkaree Fläch esou beplanzt, datt den Undeel vum Import sou kleng wéi néideg ausfält, an theoretesch och d’CO2 Zil vum Paräiser Oofkommes kéint erreecht ginn.
2.000 Meterkaree optimiséiert genotzt
Doduerch fënnt een op den optimiséierten 2.000 Meterkaree vill Geméis an Uebst, wat soss meeschten aus dem Ausland geliwwert gëtt. Virun allem de Soja, deen zu Lëtzebuerg meeschtens importéiert gëtt, spillt dobäi eng grouss Roll. D‘Stéphanie Zimmer vun dem IBLA erkläert, datt all Lëtzebuerger:in ongeféier een Tennisfeld zu Soja pro Joer verbraucht.
„Haaptsächlech ass dat fir d'Fidderung vun de Ranner, fir Mëllech a Fleeschvéi. Et ass awer sou, dass mer och kéinten eis nohalteg biologesch a gesonnt ernäre mat 2.000 Quadratmeter.“
„Proteinkulturen direkt iessen am Plaz duerch d‘Déieren ze schécken“
Eng Beméiung misst zum Beispill sinn, manner ewech ze geheien, esou d’Stépahnie Zimmer. Aktuell lant nämlech een Drëttel vun eisem Iessen an der Poubelle. Iwwerdeems hëlt d’Fudder fir d’Véi aktuell méi wéi 80 Prozent vun eiser Landwirtschaftsfläch an. Dat läit dorun, datt ze vill Déiereproduite géife giess ginn erkläert Stéphanie Zimmer.
„Mir kéinten awer déi nämmlecht Närstoffer, sief dat elo Eewäiss oder Energie, och ubauen, wa mer einfach direkt zum Beispill Lënsen, oder Ierbessen als Proteinkulturen oder Grompere fir d'Energie, um Feld ubauen an et direkt konsuméieren an net fir d'éischt duerch en Déier schécken.“
Net guer kee Fleesch – just manner
Allerdéngs fënnt een am optiméierte Feld vun den dräi Ëmwelt-Acteuren och Plaz fir d’Fudder vum Véi – just eebe manner. Ibla, Co-Labor an natur&ëmwelt fannen net, datt ganz misst op déieresch Produite verzicht ginn. D’Véizuucht wier eng Traditioun a Lëtzebuerg, déi bäibehale soll ginn, seet d’Stéphanie Zimmer. D‘Hallschent vun der Fläch wier Dauergréngland an dat sollt och sou bleiwen. D‘Ranner wieren déi, déi dës Fläch am beschten notzen.
An der Mëscht vun den Déiere wiere wichteg Närstoffer fir den Aker. Kengem sollten déieresch Produite verbuede ginn. Et wier just eng Fro vun der Moos, sou nach d’Stéphanie Zimmer. Nächst Joer wäert den 2.000 Meterkaree Projet en Deel vum Luxembourg Urban Garden (LUGA) 2025 sinn.
Geschriwwe vum Ilana Joseph