arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ D'Meenunge vun Oppositiouns- a Regierungsparteie leie wäit auserneen

Caritas-Affär an der Chamber

|
reading time

2 min

D'Meenunge vun Oppositiouns- a Regierungsparteie leie wäit auserneen

Obwuel d’Chamber-Spezialkommissioun iwwer d’Caritas-Affär virun enger Woch eestëmmeg hire Rapport ugeholl huet, goufen haut an der Chamber zwou verschidde Motiounen eragereecht – eng vum CSV-Kommissiounspresident Charel Weiler, an eng vun der LSAP-Oppositiounsdeputéiert Taina Bofferding.

reading time

2 min

© radio 100,7
(Foto: radio 100,7)

Just eng dovu gouf ugeholl, nämlech déi vum Charel Weiler. Dat ënnersträicht d’Meenungsdivergenzen, déi haut an den Debaten iwwert de Rapport op d’Tapéit komm sinn.

CSV-Motioun suergt fir Onzefriddenheet bei der Oppositioun

Datt an der Motioun vum Charel Weiler net all d’Conclusiounen aus dem Rapport opgezielt ginn, ass bei den Oppositiounsdeputéiert net gutt ukomm. Et hätt ee sech souwisou schonn op de klengste gemeinsamen Nenner gëeenegt, hat d’LSAP-Deputéiert Taina Bofferding betount. Souguer bei deem schéngen d’Deputéiert sech net eens ze sinn.

Als Oppositioun huet een deemno eng weider Motioun deposéiert – ma déi gouf awer net ugeholl.

Net eens iwwer d'Roll vun der Regierung 

Och wärend den Debaten an der Chamber sinn d’Meenunge wäit ausernee gaangen. Iwwerdeems d’Majoritéitsfraktioune kloer der Meenung sinn, datt d’Regierung am Ëmgang mat der Fraude bei der Caritas richteg gehandelt huet, gesinn d’Oppositiounsparteien dat anescht.

D’Regierung hätt keng neutral Haltung ageholl an hätt sech vun Ufank un op d’Säit vun de Banke geschloen, esou de lénken Deputéierte Marc Baum, deen domat dem LSAP-Deputéierte Franz Fayot Recht gëtt.

"Et muss ee sech froen, wourëms et iech bei der ganzer Operatioun eigentlech goung. Em d’Rettung vun den Aktivitéite vun der Caritas, oder awer vläicht éischter dorëms, de Bilan an d’Reputatioun vun deenen zwou involvéierte Banken an hire Responsabelen an doriwwer eraus vum Finanzsecteur, ze schützen."

Fir den ADR-Deputéierten Tom Weidig huet d’Regierung just op e puer Punkte versot – an dofir misst de Staat sech selwer kritesch hannerfroen.

"D’Regierung misst dem Staat einfach méi strikt Reegele ginn, bei de Konventioune mat systemrelevanten Associatiounen. Et ass kloer, datt eng Konventioun iwwer 10.000 Euro keng strikt Kontroll vun der Partnerorganisatioun brauch. Mee wann do awer Konventiounen iwwer puer Milliounen Euro gemaach ginn, da muss d’Regierung eng gutt Gouvernance afuerderen an se och reegelméisseg kontrolléieren."

De Premier Luc Frieden huet a senger Interventioun d’Kritik vun den Deputéiert vu sech gewisen. Hien hätt sech net op d’Säit vun de Banke gestallt, duerfir hätt hie jo decidéiert, keng Suen un d’Caritas ze ginn, fir datt se net un d’Banke ginn.

"An ech muss soen: ech sinn net wéineg stolz op dat wat mer als Regierung erreecht hunn."

Datt déi fréier national Aktivitéite vun der Caritas um Enn elo weider geféiert ginn, wier och ëmmerhin e Succès, esou nach de Premier Luc Frieden.