arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LSAP, déi Lénk an déi gréng deelen d'Kritik vun de Gewerkschaften

Um Santésministère

|
headphones

3 min

LSAP, déi Lénk an déi gréng deelen d'Kritik vun de Gewerkschaften

D’Oppositiounsparteien LSAP, déi Lénk an déi gréng deelen d’Kritik vun der Gewerkschaftsfront OGBL an LCGB un der Gesondheetspolitik vun der CSV-Gesondheetsministesch Martine Deprez. Den CSV-Politiker Marc Spautz kann d'Suergen verstoen.

headphones

3 min

Martine Deprez | © Chambre des Députés
Martine Deprez (Foto: Chambre des Députés)

An engem Bréif un de Premier Luc Frieden gëschter haten d’Gewerkschaften déi aktuell Gesondheetspolitik staark kritiséiert a virun enger Privatiséierung vum Gesondheetssystem gewarnt. De Bréif läit dem Radio 100,7 vir.

Et géif u klore Visioune feelen

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard gesäit bei der Gesondheetsministesch op strategeschem Niveau keng Visioun, wéi sech de Gesondheetssystem misst entwéckelen.

“Am Moment wësse mir net, wien da wierklech hei Gesondheetspolitik zu Lëtzebuerg mécht, ob dat eng AMMD ass oder eng Ministesch. Ech erwaarde mer vun engem Lëtzebuerger Staat, datt een hei eng kloer Visioun an eng Strategie virleet.”

Och den LSAP-Deputéierte Mars Di Bartolomeo deelt d’Kritik vun de Gewerkschaften. Hie geet nach e Schrëtt méi wäit a stellt sech d’Fro, ob d’Gefor vun enger Kommerzialiséierung vun der Medezin vun der Regierung bewosst ënnerschat géif ginn oder esouguer ënnerstëtzt géif ginn.

Promotteure géifen d'Geschäft vun der Gesondheet entdecken 

An deem Zesummenhang si fir hien och d’Äntwerte vun der Martine Deprez e Méindeg an der Santés-Kommissioun zum Thema Dokteschgesellschaften an der geplangter Findel Klinik net zefriddestellend.

“Ma d'Madamm Deprez soll, wannechgelift, de rosa Brëll ausdoen, da gesäit si, datt hei e ganz komeschen, e ganz spezielle Konstrukt zustane kënnt: Doktere mat Investisseuren, déi e gemeinsame Projet wëllen entwéckelen an dann ze soen, dat wier en Immobilieprojet. Hei ass et entweeder Dokteren, déi Investisseuren/Promoteure spillen oder Promoteuren, déi d'Geschäft vun der Gesondheet entdeckt hunn oder béides.”

Fir de Mars Di Bartolomeo ass hei net nëmmen d’Gesondheetsministesch an der Verantwortung mee esouwuel de Premier Luc Frieden un der Spëtzt wéi och e "Koalitiounspartner, dee sech verstoppt".

"Gewerkschafte leeën de Fanger an eng oppe Wonn"

Och den Oppositiounspolitiker vun déi Lénk, de Marc Baum, mécht sech Suergen, datt sech ze Lëtzebuerg kéint eng Zwee-Klasse-Medezin entwéckelen.

“Effektiv, dat wat d'Regierung wëlles huet, ass eng grouss Ouverture ze maachen, fir eisen ëffentleche Gesondheetssystem weider ze privatiséieren. Och wann dat, wat d’Regierung elo wëlles huet just op bestëmmte Beräicher am Moment reduzéiert ass, mécht et d'Dier awer wäit op, fir e System, deen am Fong ganz gutt funktionéiert, deen universal ass, dee sozial gerecht ass, fir deen en Deel weider ze privatiséieren.”

De President vun der Santés-Kommissioun Marc Spautz kéint zwar d’Suerge vun de Gewerkschafte mënschlech gesi verstoen, den CSV-Politiker ass awer net der Meenung, datt een um Wee zu enger Zwee-Klasse-Medezin wier.

De System dierft keen Affer vu Profit ginn

Beim Thema “Findel Clinic” steiert awer och de Marc Spautz sech virun allem um Terme “Klinik”. Wann de Projet duerno an der Realitéit esou géif ëmgesat ginn, wéi en den Ament verkaaft gëtt, nämlech als eng Aart grouss Gemeinschaftspraxis, da kéint een näischt drun aussetzen, esou de Marc Spautz. Sollt sech de Projet awer a Richtung Privatklinik entwéckelen, dat géif och de Marc Spautz net fir gutt befannen. "Et wier schued, wann de Lëtzebuerger Krankekeessesystem dem Profit zu Affer géif goen", esou nach de Marc Spautz. 

“Wann et dann op eemol do ëm aner Tariffer géif goen, an datt dann de Portmonni géif decidéieren, wéi de Patient géif behandelt ginn. Nach ëmmer gëllt et, datt déi selwecht Konditioune fir jiddweree muss gëllen an d'Santé däerf keen Ënnerscheed maachen tëschent Leit, déi et sech kënne leeschten an anere Leit.”