arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ LSAP: Der Regierung hir Migratiounspolitik méi streng wéi EU-Reegele verlaangen

Migratioun

|
headphones

2 min

LSAP: Der Regierung hir Migratiounspolitik méi streng wéi EU-Reegele verlaangen

D’LSAP seet se géif hanner dem EU Asyl- a Migratiounspak stoen. Allerdéngs net esou wéi d’CSV-DP Regierung dee géif ëmsetzen. D’Regierung, notamment den CSV-Inneminister Léon Gloden, géif sech méi streng positionéieren, wéi d’EU-Reegelen dat verlaangen, esou d’LSAP haut virun der Press.

headphones

2 min

LSAP
LSAP

D’Oppositiounspartei geheit der Regierung vir, hir Politik géif sech op Retentioun an Zeréckschécke konzentréieren, amplaz op eng effektiv Integratioun. Et dierft een net Migratiouns- a Sécherheetspolitik vermëschen, esou déi fréier sozialistesch Inneministesch Taina Bofferding. Eng gutt Sécherheetspolitik wier zwar wichteg, mee.

"An der politescher Rhetorik, d'Migratioun systematesch am selwechten Otemzuch mat Bedroung, Kontroll a Gefor ze nennen, dat ass eng ganz bewosst Decisioun, déi gemaach gëtt."

Dëst géit och bewosst Angscht kreéieren. Migrante géifen direkt als Sécherheetsrisiko duergestallt ginn, an net als Mënsche mat Rechter an individuelle Geschichten.

Auslänner mussen als Sënnebock hierhalen

D’Konsequenzen dovu géif een elo schonn ënner anerem op de soziale Medie gesinn, wou Auslänner dacks als Sënnebock missten hierhalen, esou d’Taina Bofferding.

Déi nei Immigratiounspolitik géif och just dorop ofzielen den eegene Portmonni ze fëllen a net méi op d’Mënsche kucken, wéi déi fréier sozialistesch Inneministesch Taina Bofferding kritiséiert.

“Duerch dës nei Migratiounspolitik, déi sech op Aspären an Zeréckschécke konzentréiert, schéngt kee méi wierklech hei wëllkomm ze sinn, ausser et passt an d’Talent Attraction Strategie fir eis Finanzplaz, wou se nach mat Steiererliichterungen ugelackelt ginn."

Duerch nei Prozedure kréich d'Migratiounspolitik eng restriktiv Ausriichtung an där d'Integratioun riskéiere géif komplett ze verschwannen. 

Vereinfachten Accès op den Aarbechtsmarché

Fir Flüchtlinge besser integréieren ze kënnen, fuerdert d’LSAP dann och ënner anerem, datt een hinnen den Accès op den Aarbechtsmarché vereinfache misst, dat beispillsweis an deem si sech kéinte bei der ADEM aschreiwen.

Eng aner Fuerderung ass et, datt d’Liewenskonditiounen an d’Hygiènestandarden a Flüchtlingsstrukture staark verbessert a vun enger onofhängeger Autoritéit kontrolléiert ginn. Et kéint net sinn, datt am zweeträichste Land op der Welt esou schlecht Strukture géifen zur Verfügung gestallt ginn, esou den Tenor vun der LSAP.