Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
search

/ LGBTQIA+: Wat muss zu Lëtzebuerg nach geschéien?

Gläichberechtegung

LGBTQIA+: Wat muss zu Lëtzebuerg nach geschéien?

Wat muss hei am Land geschéien, fir d'Diskriminatioun vun LGBTQIA+ Leit ze bekämpfen? Ëm déi Fro geet et de Méindeg Nomëtteg op enger Konferenz um Kierchbierg. D'Gläichstellungsministesch Yuriko Backes empfänkt dann eng ganz Rei Associatiounen, fir hir Meenung doriwwer ze héieren.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

Tom Hecker | © Chris Zeien play_arrow
Tom Hecker (Foto: Chris Zeien)

D'Regierung wëllt nämlech nach virun der Summervakanz en neien Aktiounsplang virstelle fir d'LGBTQIA+ Communautéit. Fir den Tom Hecker ass déi Konferenz eng Confirmatioun, datt dës Communautéit vun der Politik eescht geholl gëtt.

Nach ëmmer Widderstand fir iwwer d'Theemen ze schwätzen

Et géif ee mierken, datt d'Diskriminatioun a Lycéeën zum Beispill géif ofhuelen, well déi Jugendlech mëttlerweil vill méi opgekläert wieren. Dat wier awer net iwwerall esou, seet den Tom Hecker.

"An op aner Plazen, wou ech eigentlech erschreckend feststellen, ass, a menger Alterskategorie, wou ech mir denken, mat deenen häss du kéinten an d'Schoul goen, wou mir eventuell hannerzeg gi souguer zäitweis oder plazeweis."

Dat géif sech iwwer offälleg Kommentare bemierkbar maachen an iwwer de Refus vu verschiddene Leit, fir mat Kanner iwwer LGBTQIA+ Themen ze schwätzen.

D'Konferenz haut um Méindeg soll de Startschoss si fir een zweeten Aktiounsplang. Deen éischte war 2018 ausgeschafft ginn. Et wieren och eng Rei Aktiounen aus dem Plang ëmgesat ginn an et sollt een och weider dru schaffen, esou den Tom Hecker.

Tom Hecker: Ännerungen am Beräich vun der Bluttspend wiere wëllkomm

Ee Punkt, deen am neien Aktiounsplang misst adresséiert ginn, wier zum Beispill dee vum Bluttspenden. De Froebou, deen een an dem Kader misst ausfëllen, wier nach ëmmer net glécklech formuléiert. Als schwule Mann géif een och ugerode kréie fir léiwer just Plasma ze spenden an dee géif dann nach véier Méint a Quarantän gehale ginn.

Hie géif d'Aarbecht vun dëser Regierung ongär mat där vun den zwou virdru vergläichen, seet den Tom Hecker. D'Gläichstellungsministesch Yuriko Backes wier awer motivéiert, genee wéi de Familljen- a Solidariéitsminister Max Hahn a seng Virgängerin Corinne Cahen et war.

D'Communautéit erwaart sech US-Flüchtlingen aus LGBTQIA+ Communautéit

Et géif him iwwerdeems grouss Suerge maachen, wéi déi aktuell US-amerikanesch Regierung mam Theema Gläichberechtegung an och mat der LGBTQIA+ Communautéit ëmgeet.

"Well do gi wierklech Leit erëm onvisibel gemaach. Do gëtt d'Geschicht deelweis onvisibel gemaach a verännert. Mir sinn am Moment amgaangen eis scho mol psychologesch drop virzebereeden, datt mir hei Flüchtlinge wäerten ophuelen aus där Thematik."

Lauschterenplay_arrow