De Paul Sorensen soll viru Geriicht, well en zwou Kugelen an dem verhaasste Papp säi Kapp gejot huet. De Problem dobäi? Den Ablack, wou en de Parricide begaangen huet, war hien an der Morgue – an de Papp längst dout.
Déi juristesch Fro, wéi ee mat engem Mäerder ëmgeet, deen eng Läich ëmbréngt, a fir déi et ee Präzedenzfall gëtt – d’Affaire Perdereau – ass awer just eng Zort Virwand, fir ee Portrait vun engem einsame Mann ze dresséieren, deen duerch d’Educatioun an d’Lige vun engem brutale Familljepapp eng kal, distant a bal mënschefeindlech Approche op d’Welt quasi mat an d’Wéi geluecht krut.
Éischte Roman zanter 2019
Esou si beispillsweis seng eenzeg sozial Kontakter, wann een da vu soziale Kontakter schwätze kann, ee Mupp, deen en op der Plage zu Henday begéint huet an de Jonas, ee Blogger, deen eleng iwwert d’Mierer seegelt.
L’origine des larmes, dem Jean-Paul Dubois säin éischte Roman zanter dem Prix Goncourt am Joer 2019 fir Tous les hommes n’habitent pas le monde de la même façon steet, wéi den Titel et schonn undeit, ganz ënnert dem Zeeche vum Waasser: Stänneg reent et zu Toulouse, wou de Sorensen lieft. Dat, well de Roman Ufank 2030, also an der noer Zukunft spillt, ofgesi vum klimatologeschen Element eigentlech awer absolut näischt mam Genre vun der Anticipatioun deelt.
12 Seancen, déi duerch de Roman féieren
Den Dokter Guzman, ee Psychiater, bei deen de Sorensen emol de Mount fir genee 12 Seance goe muss. Dat ass déi geriichtlech Strof, déi den Erzieler fir säi Mord un enger Läich krut. Hie leit, wéi e behaapt, ënnert enger Conjonctivo-chalasis, wouwéinst seng Aen zu scheinbar zoufällege Momenter tréinen, d’Tréinen awer meeschtens genee da lafen, wann dem Sorensen seng Liewensgeschicht, déi mer an den 12 Seancen erzielt kréien, ganz besonnesch trist gëtt. An där Amenter gëtt et der genuch.
Déi 12 Seancë sinn et och, déi de Roman strukturéieren, dat no engem éischten Deel, an deem mer de Sorensen an der Garde à vue an duerno viru Geriicht gesinn.
Perdreau als Virgänger?
Wou e sech gutt aus der Affaire zitt, am Géigesaz zu sengem Virgänger dem Perdreau. Deen hat nämlech e gewësse Willekens ëmbruecht, ouni ze wëssen, datt deen den Dag virdru scho vun engem Charaux ermort gi war. Well de Perdreau net wousst, datt säin Affer, dat en ugefaang hat ze erwiergen, laang dout war, konnt e wéinst tentative de meurtre ugeklot ginn.
Well et dem Sorensen awer kloer war, dass de Papp dout wier, konnt e just wéinst atteinte à l’intégrité d’un cadavre ugesicht ginn – wourop ee Joer Prisong mat Sursis, am Fall Sorensen gewierzt mat obligatoresche Visitte beim Psychologue, an eng Geldstrof, steet.
Existenz ënner kengem gudde Stär
Komme mer zréck zum Erzieler sengem Liewens- oder Leidenswee: Vun dem éischten Otemzuch u stoung dem Paul Sorensen seng Existenz ënnert kengem gudde Stär: net just seng Mamm, och säin Zwillingsbrudder hunn seng Gebuert nämlech net iwwerlieft. De Papp, ee gewëssen Thomas Lanski, huet dat kal gelooss.
Deen huet sech séier nei bestuet a sech vun enger Magouille an déi nächst gewot. Spéider, wéi him de Buedem ze waarm ënnert de Féiss gouf, huet hien d'Land verlooss, just fir a Kanada monter weider den Uz mat senge Matmënschen ze dreiwen.
Egal op louche Ponzi-Schemen, illegalen Déieren- Stol- oder Immobilien-Handel, de Verkaf vu Medikamenter, déi längst ofgelaf waren an op deenen en den Oflafdatum gefälscht huet: fir den Thomas Lanski war all Aktivitéit interessant, esou laang se kriminell war.
En héichkriminellen a sadistesche Papp
Op d’Fro vum Polizist, deen e verhéiert, wat da säi Papp, den Thomas Lanski, am Liewe gemaach huet, äntwert den Erzieler lakonesch: „Le Mal“. Méi spéit seet en: „Thomas Lanski possédait une Intelligence que je qualifierai de fulgurante. [...] Une Intelligence bien sûr dénuée de morale et mécaniquement orientée vers le mal.“
Ma den Typ war net just ee Meeschter vun allem, wat vun noem oder vu wäitem illegal an héichkriminell war. En huet sech och ee sadistesche Pleséier draus gemaach, alles a jiddwereen a sengem Ëmfeld leiden ze dinn – virun allem déi, déi him no stoungen, ergo seng zweet Fra Rebecca a säi Bouf.
All seng raffinéiert Manipulatiounen opzelëschten, géif ze laang daueren, ma quasi als Metonymie sief hei erwäänt, wéi de Papp dem Bouf verklickert huet, säi Grousspapp wier keen anere wéi den Dag Hammarskjöld, Chef vun der UNO an Nobelpräisdréier. De Bouf, deen nach ënnert dem Dout vu senger Mamm gelidden huet, war méi wéi frou, vu senger Mamm hirer Säit hir esou eng illuster Figur um Stammbam ze hunn.
Hien huet de Grousspapp vergëttert, deem seng Liewensgeschicht en aus dem Effeff beherrscht huet an ass schlussendlech esou guer op Uppsala gepilgert, fir do an der Fondatioun vum Grousspapp Bescheed ze ginn, datt hien den Enkel wier. Nëmme fir do, wéi konnt et anescht sinn, erauszefannen, dass en alt nees op eng Ligegeschicht vum Papp eragefall ass.
Dem Papp seng Ierfschaft, seng Legacy, ass d’Firma Stramentum, déi sacs mortuaires, also Läichesäck fabrizéiert. De Sorensen, deem seng Gebuert zwee Liewe gefrot huet, deen sech quasi surreal präzis u seng eege Gebuert erënnere kann (oder dat zumindest behaapt) an dee stänneg d’Presenz vu sengem verstuerwene Brudder fillt, iwwerhëlt dës Firma, déi eigentlech senger Stéifmamm Rebecca hir war. Hie fillt sech dem Dout verbonne, nodeems deen e vu senger Schëpp sprange gelooss huet.
E Misanthrop am Schied vu sengem Papp
Dem Dubois säin neie Roman ass enigmatesch, gläichzäiteg sperreg an zougänglech, spannend a lues, kal an dach deels touchant, well e mat Elementer vun Dystopie an Anticipatioun schafft, ouni wierklech vill doraus ze maachen.
Am Zentrum steet ee Misanthrop, deen seng emotional Keelt gären intellektualiséiert – an dach ni ganz aus dem Schied vun deem grausame Papp eraus triede kann, esou guer, wann e sech entscheet, säi ganzt Liewe géint déi Pappefigur opzebauen.
Roman geet net iwwer de Portrait vu komeschem Kauz eraus
De Roman liest sech gutt, nawell léisst en een heiansdo e bësse kal, ass deels ze konstruéiert an iwwerlueden, dann nees ze eidel a kal. Och dem Sorensen säi Stil verstéiert – hei ass en iwwerluede mat techneschen Termen, do nees liicht platt, huet awer och Momenter vun Eleganz. Op dat un dem psycheschen Zoustand vum Erzieler oder der Schreiflaun vum Auteur läit, ass leider schwéier, ze determinéieren.
Ze vill (gutt) Iddien dauche relativ spéit op – ech denken hei un d’Iwwerleeungen iwwert d’kënschtlech Intelligenz, déi de Sorensen am leschte Kapitel entwéckelt – a leider geet de Roman net iwwert de Portrait vun engem komesche Kauz eraus, a bleift esou eng psychologesch Investigatioun, déi munchmol ze vill vun der Wierklechkeet deconnectéiert wierkt, fir ee bleiwenden Androck ze hannerloossen.