26 Komponisten haten nom Appell vum 9. Juni hir Kandidatur erageschéckt fir fir een Ensembel oder Orchester e Stéck ze schreiwen. Déi hunn um Enn hire Favorit zeréck behalen, dorënner de Gast Waltzing fir de Luxembourg Philharmonic Orchester, d‘Catherine Kontz fir den Orchestre de Chambre de Luxembourg, oder nach de Marco Pütz fir d‘Militärmusik.
Déi siwe Commande vum Kulturministère sinn am Ganze mat 65.000 Euro dotéiert.