search

/ Mëssstänn am CNA suerge fir Irritatioun bei den Deputéierten

Kultur

|
reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow

Mëssstänn am CNA suerge fir Irritatioun bei den Deputéierten

No der Kulturkommissioun an der Chamber sot den Eric Thill, hie wéilt de Suivi ofwaarde vum Comité d'accompagnement, deen den Direkter begleet. Dee Comité wier elo en place fir beim Moderniséierungsprozess vum CNA ze hëllefen. Och ëm d'Ausstellung "Family of Man" zu Klierf goung et.

reading time

3 min

headphones

2 min

play_arrow
Centre national de l'audiovisuel | © CNA
Centre national de l'audiovisuel (Foto: CNA)

De Kulturminister huet unerkannt, datt et verschidden Defie ginn, déi den CNA muss ugoen. Déi wiere souwuel finanzieller, infrastruktureller wéi och personeller Natur.

Bis ewell just zwou Demande-de-protectionen 

Gläichzäiteg huet de Minister betount, datt bis ewell just zwou offiziell Demande-de-protectione beim Kulturministère agereecht goufe vu Leit, déi beim CNA schaffen a sech net gerecht behandelt gefillt hunn. An der Press war an de leschten Deeg vu méi Fäll rieds. De Minister sot, him wieren awer just zwee offiziell Fäll bekannt.

"Déi huele mir eescht. Et ass elo nach eng Kéier un där Commission d'accompagnement fir op déi dote Sujeten anzegoen, wa vu Leit Interessi do ass." 

Wann et géif Leit ginn, déi ongerecht behandelt gi wieren, a wéilten doriwwer schwätzen, da géif een dat eescht huelen, esou de Minister. 

"Dann ass et elo un deene Leit sech ze mellen, fir dann iwwer déi Commission d'accompagnement doriwwer ze schwätzen, ze informéieren an da mir als Minister och Fakten op den Dësch ze leeën." 

Am Februar waren ëffentlech Virwërf formuléiert ginn, déi dem CNA intern Dysfonctionnementer an en toxescht Aarbechtsklima ënnerstallt hunn.

Ze vill Loftfiichtegkeet an de Raim vu "Family of Man"?

No der Kulturkommissioun hu sech d'Oppositiounsparteien iwwerdeems relativ kritesch zu der Situatioun am Diddelenger CNA geäussert. Ënner anerem geet et dobäi ëm d'Ausstellung "Family of Man", déi vum CNA betreit gëtt. 

Konkreet geet et ëm een oder zwee Kompressere vun enger Klimaanlag, déi sollen ausgefall sinn. Doduerch wier d'Loftfiichtegkeet am Ausstellungsraum ze héich gewiescht, wat zu Schied un de Biller kéint féieren. 

Fir den Deputéierte vun déi Lénk, de Marc Baum, waren d'Erklärunge vum CNA-Direkter Gilles Zeimet net ganz korrekt. 

"Hie geet dohinner a presentéiert d'Moyenne vum Dag, wat d'Fiichtegkeet a wat d'Temperatur ugeet. Mee dat ass awer net esou, wéi et gemooss gëtt. Et gëtt nämlech op Stonne gemooss. An do gesäit een dann, datt et schonn och an där Zäit ganz grouss Fluktuatioune gi sinn, esou datt een net ka soen, datt déi Ausstellung sécher kee Schued gedroen huet." 

Hiweis op strukturell Problemer am CNA 

Déi gréng Deputéiert Djuna Bernard huet vun engem "groussen Hickhack" ronderëm d'Kompressere geschwat. Méi wichteg wier fir si awer, datt et offensichtlech strukturell Problemer am CNA géife ginn. 

"Dat ass einfach, datt an de Kärkompetenze vum CNA, inclus, der 'Family of man', verschidde Leit einfach feelen an net do sinn. Fir mech war dat eng Bankrotterklärung vum Direkter, ze héieren, datt keen do ass, fir d'Restauratioun vu Fotoen ze maachen. Entschëllegt. Also dat si jo déi Haaptvolete vun deenen Institutiounen an hirem Job. An et geet ëm net méi an net manner wéi eisem Patrimoine national." 

D'Djuna Bernard fënnt, datt déi Verantwortlech mat Bléck op d'Problemer no Ausriede géife sichen. Den LSAP-Deputéierte Georges Engel gesäit den DP-Kulturminister Eric Thill elo an der Flicht. Den CNA géif duerch d'Virwërf nämlech e gewësse Schued kréien. 

"Dat ass net gutt fir déi Institutioun. Ech soen och nach, datt de Minister gewëllt ass, do an déi richteg Richtung ze goen. Nach kann een hei elo net dat op déi laang Bänk réckelen. Et muss een hei eng Kéier Neel mat Käpp maachen." 

No der Kommissioun huet den DP-Kulturminister sech op en Neits hanner d'Direktioun gestallt an hir säi Vertrauen ausgeschwat. 

play_arrow Lauschteren