Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kuerz viru Schluss: Joe Biden begnodegt verurteelte Fils

Anescht wéi geplangt

Kuerz viru Schluss: Joe Biden begnodegt verurteelte Fils

Den Nach-US-President Joe Biden huet säi verurteelte Fils Hunter Biden begnodegt. Dat nëmmen e puer Woche virun Enn vu senger Amtszäit.

auto_stories

1 min

© picture alliance / Consolidated News Photos | Evan Vucci - Pool via CNP
Foto: picture alliance / Consolidated News Photos | Evan Vucci - Pool via CNP

Ursprünglech hat den Joe Biden erkläert net vun dëser Méiglechkeet Gebrauch wëllen ze maachen. An engem Statement argumentéiert hien elo, datt säi Fils ongerecht vun der Justiz behandelt gi wier.

Den Hunter Biden war wéinst Verstéiss géint d'Wafferecht a wéinst Steierhannerzéiung verurteelt ginn. Hien hat sech och fir dës Dote schëlleg bekannt.

D'Ausmooss vun der Strof sollt de 16. Dezember bekannt ginn. Dem Hunter Biden hu bis zu 17 Joer Prisong gedrot.