arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kroatie féiert den obligatoresche Militärdéngscht fir Männer nees an

2008 ofgeschaaft

|
headphones

1 min

Kroatie féiert den obligatoresche Militärdéngscht fir Männer nees an

A Kroatien huet d‘Parlament gëschter um Freideg majoritär derfir gestëmmt, den obligatoresche Militärdéngscht fir Männer nees anzeféieren. Virgesinn ass en obligatoresche Militärdéngscht fir Männer vun zwee Méint, esou den ëffentlech rechtleche kroatesche Sender HRT.

headphones

1 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

Fir Frae gëllt weider d‘Fräiwëllegkeet. Männer, déi de Militärservice verweigeren, sollen en zivillen Ersatzdéngscht leeschten.

Kroatien hat den obligatoresche Militärdéngscht 2008 ofgeschaaft.