CDU, CSU an SPD hunn am Bundestag eng ganz knapp Majoritéit. An enger Proufofstëmmung vun der Uniounsfraktioun koum eraus, datt d'Regierung eleng net op déi néideg Stëmme kënnt, fir de Gesetzesprojet duerchzekréien.
D'Ausgangspositioun huet sech awer an deene leschten Deeg verännert. D'Linke huet nämlech annoncéiert, datt si sech beim Vott enthale géif. Deemno huet déi däitsch Regierung elo e Puffer vun iwwer véier Stëmmen a brauch net all d'Stëmme vun Unioun an SPD.
D'Angscht vun der Linke ass et, datt de Pensiounsniveau weider erofgeet, wann d'Reform net gestëmmt gëtt. Eng Stabiliséierung, esou wéi de Kanzler Friedrich Merz se virschléit, wier deemno den absolutte Minimum, sot déi lénk Fraktiounscheffin Heidi Reichinnek.
Déi eege Leit stinn net all hanner dem Projet
Datt et d'Leit aus den eegene Reie sinn, déi de Projet net matdroen, ass an deene leschte Méint scho méi dacks virkomm. Gëschter um Donneschdeg sollen d'Unioun aus CDU an CSU, grad wéi d'SPD nach probéiert hunn, déi intern Géigner ëmzestëmmen.
Datt de Friedrich Merz elo op d'Stëmme vun der Oppositioun ugewisen ass, wier senger Stuerheet no de Walen am Februar ze verdanken. Dobäi wollt de Bundeskanzler nämlech just ee Koalitiounspartner fir net dee Chaos vun enger Dräierkoalitioun ze riskéieren.