arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik vun der IDEA Denkfabrik um neie Steierkredit

Chambre de commerce

|
reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Kritik vun der IDEA Denkfabrik um neie Steierkredit

D'Denkfabrick IDEA vun der Chambre de Commerce begréisst verschidde Mesuren aus dem Tripartite-Accord, formuléiert awer och Kriticken. Ënner anerem fënnt d’IDEA, datt d’Mesurë guer net esou schlecht fir d’Energietransitioun sinn – trotz Subventioune fir déi fossil Energie.

reading time

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Fir d’IDEA ass, kloer datt de Mesurëpak vun der Tripartite eigentlech e positiven Effekt op Energietransitioun huet. Wann een d’Subventioune vu Pëtrol, Gas a Masutt géif mat deene vun der Elektrizitéit vergläichen, wier kloer datt de Stroum méi subventionéiert gëtt. Dëst wier wichteg, well ëmmer méi a Betriber a Stéit missten de Wee vun der Elektrifizéierung goen.

IDEA gesäit Virdeeler fir d’Energietransitioun

De Vincent Hein, Direkter vun IDEA fënnt awer, datt d’CSV-DP-Regierung op d’Stroum-Subventiounen nach méi misst opmierksam maachen.

“Et je pense que le gouvernement devrait d'ailleurs davantage communiquer sur le fait que, grâce aux mesures qui ont été prises aujourd'hui, l'intérêt à passer à l'électrique, que ce soit au niveau de la mobilité ou du chauffage pour les ménages, il est encore plus grand avec les résultats de cette tripartite. Donc c'est ça qu'il faudrait afficher au bord des routes.”

Kritik un de Kafkraaft-Mesuren

Manner positiv fënnt d’IDEA d’Mesurë fir d’Kafkraaft vun deene Menagen ze verbesseren, déi et am meeschte brauchen. Do wier d’Verhältnis tëschent de Käschte fir d’ëffentlech Finanzen an der Wierkung fir dës Zilgrupp ongënschteg, esou d’Analyse vun IDEA. Dem Vincent Hein senger Meenung no wier eng aner Approche besser gewiescht.

“On plaidait plutôt pour que les mesures qui soient prises dans cette tripartite se limitent à des mesures qui ciblent les ménages qui souffrent vraiment de la crise énergétique."

No sengen Aussoe sinn déi Menage mat den niddregste Revenuen am stäerkste vun den Energiepräisser betraff, well e groussen Deel vun hirem Budget schonn duerch fix Ausgaben ewéi Wunnen an Energie gebonnen ass.

Mat steigendem Revenu géif dës Belaaschtung relativ gesinn ofhuelen.Den Direkter vun der IDEA seet, datt et awer positiv wier, datt et en Accord tëschent Regierung a Sozialpartner gouf. Dorop misst elo opgebaut ginn. Dat kéint dann d’Basis si fir Upassungen oder weider Verhandlunge wann d’Präisser weider klammen.

play_arrow Lauschteren