Radioen

On air

Vue sur mer  |  Say Yes Dog - Around My Neck

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik vum OGBL wéinst geplangter Ofschafung vun enger Primm beim TICE

500 Euro de Mount manner

Kritik vum OGBL wéinst geplangter Ofschafung vun enger Primm beim TICE

Den OGBL kritiséiert déi geplangten Ofschafung vun enger Primm, déi d‘Mataarbechter vum TICE elo zënter 40 Joer kritt hunn. Dat wier e schwéiere Schlag fir d‘Salariéen, esou d'Gewerkschaft. 

auto_stories

1 min

Et geet ëm déi sougenannte Prime d‘astreinte: 110 Mataarbechter aus verschiddenen Departementer vum TICE géife riskéieren, 22 Lounpunkte vun November un ze verléieren. Dat géife ronn 500 Euro de Mount ausmaachen, sou den OGBL an engem Communiqué. Doduerch géifen déi betraffe Salariéen och an der Pensioun verléieren.

Den OGBL fuerdert Explikatioune vum Inneministère a vun den TICE-Responsabelen, firwat déi Primm ofgeschaaft gëtt. An e fuerdert, datt Alternative gepréift ginn, fir deen Akommesverloscht ze kompenséieren.