Déi éischt Prioritéit vun der neier Regierung wier eng propper Stad gewiescht, huet d’LSAP-Vizefraktiounscheffin Paulette Lenert kritiséiert. Donieft hätten et vill Annoncë ginn, awer nëmme wéineg Konkretes. Si hofft drop, datt de soziale Fligel an de Regierungsparteien erëm erwächt.
D’Fraktiounscheffin Taina Bofferding huet donieft een "deplacéiert Behuele vu verschiddene Politiker" kritiséiert.
"An enger Welt wou einfach Messagen ëmmer méi no riets ofdreiwen, dréit d’Behuele vu Munche wierklech net dozou bäi, datt et besser gëtt. A mir stelle fest, datt zanter de Luc Frieden CEO vu senger Firma Lëtzebuerg ass, sech ee Skandal nom aneren heeft. Ech verweisen hei op d’Causa Meisch, d’Causa Gloden, d’Causa Lies, d’Causa Beissel, d’Causa Knaff. An all dëst dréit sécherlech net dozou bäi, datt d’Politikverdrossenheet méi kleng gëtt."
D’LSAP ass zanter knapp aacht Méint erëm an der Oppositioun. Déi leschte Kéier war si dat tëschent 1999 an 2004.