arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik un der Visitt vum Donald Trump gëtt ëmmer méi haart

Groussbritannien

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Kritik un der Visitt vum Donald Trump gëtt ëmmer méi haart

Den Donald Trump gouf um Mëttwoch zu Windsor vun der brittescher Monarchie mat Pomp a Pruecht empfaangen. No der Charmeoffensiv geet et elo zeréck un d'Aarbecht. Den amerikanesche President trefft nämlech de Premier Keir Starmer. Iwwerdeems gëtt d'Kritik un der Staatsvisitt ëmmer méi haart.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Zu London demonstréieren d'Leit géint d'Visitt vum US-President Donald Trump. | © Claire Barthelemy
Zu London demonstréieren d'Leit géint d'Visitt vum US-President Donald Trump. (Foto: Claire Barthelemy)

Den Donald Trump ass net wëllkomm. Dat hunn Demonstrantinnen an Demonstranten e Mëttwoch um Parliament Square zu London geruff, wärend zu Windsor den amerikanesche President de waarme Wëllkomm vun der Royal Family genoss huet.

Optik gouf gestéiert

Et si Protester wéi dësen, déi d'brittesch Regierung vum Donald Trump ewechhale wëllt. Datt de President zu Windsor an net zu London empfaange gëtt, dat läit un de Renovatiounsaarbechten am Buckhingham Palace, esou heescht et offiziell. Virum Parlament schwätzt hien och net, well d‘House of Commons grad an der Paus ass. D‘Regierung wëltl Konfrontatioun vermeiden, et geet also virun allem ëm d‘Optik.

An déi war en Dënschdeg awer gestéiert ginn, wéi eng Aktivistegrupp Biller vum Donald Trump mam Jeffrey Epstein op d‘Mauere vu Windsor Castle projezéiert hunn. Um Mëttwochowend huet de Fernseesender Channel 4 als Protest e Film mat Honnerte vum Donald Trump sengen "Onwourechten a Falschheeten“ ausgestraalt. 

Haut, Donneschdeg, trefft den Donald Trump dann de Premier Keir Starmer um Landsëtz Chequers. Et gëtt erwaart, datt do weider Tech- a KI-Investitiounen annoncéiert ginn. Den Donald Trump hat viru senger Rees och ugedeit, datt hie sech d’Stroftaxen op de brittesche Stol nach eemol ukucke wéilt. Detailer huet hien awer net ginn.

Zweeten Dag mat Risike verbonnen

Beim Donald Trump senger prezis duerchgeplangt Visitt zu Windsor gouf et keng ëffentlech Aussoen. Dat ass haut anescht. An dofir ass de Programm haut mat méi Risike verbonne.

Et ass eng Pressekonferenz geplangt, bei där wuel och Sujeten opkommen, bei deenen den Donald Trump an de Keir Starmer net onbedéngt enger Meenung sinn. Wéi zum Beispill d'Ënnerstëtzung fir d'Ukrain oder d'konditionell Unerkennung vum palästinensesche Staat, déi de Keir Starmer am Summer annoncéiert hat.

Och kéinten et Froe ginn ëm de britteschen Ambassadeur zu Washington, deem seng Absence bei der Staatsvisitt opgefall ass. De Keir Starmer hat deen nämlech viru Kuerzem entlooss, wéi nei Detailer vun deem senger Frëndschaft mam verstuerwene Jeffrey Epstein erauskoumen.

play_arrow Lauschteren