Radioen

On air

Notturno  |  Raftside - The Sun Is Not Fake

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik un Orbán-Reesen: Ursula von der Leyen reagéiert mat Boykott

Visitten a Russland a China

Kritik un Orbán-Reesen: Ursula von der Leyen reagéiert mat Boykott

D'EU-Kommissiounspresidentin Ursula vun der Leyen reagéiert mat engem Boykott op déi rezent Visitte vum ungaresche Premier Viktor Orbán zu Moskau a Peking, déi net mat der EU ofgeschwat waren.

auto_stories

1 min

© picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth
Foto: picture alliance/dpa | Philipp von Ditfurth

D'Kommissioun wéilt keng Kommissären, mee nëmmen nach héich Beamten op déi zukünfteg informell Ministerconseilen ënner der aktueller ungarescher EU-Presidence schécken, huet d'Ursula vun der Leyen annoncéiere gelooss.

D'EU-Kommissioun géif och op hir traditionell Untrëtts-Visitt bei der ungarescher EU-Presidence verzichten, esou e Spriecher.

Op e méigleche Boykott ugeschwat sot de Premier Luc Frieden leschte Freiden, datt hien net vill vu Boykotter hale géing.

"Wann esou eppes géing geschéien, misst dat europäesch organiséiert ginn. Ech hale vu Boykotter generell ganz wéineg.”