arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik um Tramsarrêt zu Steebrécken, d'Mobilitéitsministesch reagéiert

Chamber

|
headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow

Kritik um Tramsarrêt zu Steebrécken, d'Mobilitéitsministesch reagéiert

Renovatioun vun der Coque, eng definitiv Struktur fir den Abrigado, de Réaménagement vun der Gebléishal op Belval oder nach d'Pôles d‘echanges zu Leideleng, Steebrëcken a Féitz stinn op der Lëscht vun de Projeten, fir déi Etüde solle finanzéiert ginn.

headphones

3 min

headphones

3 min

play_arrow
© www.gridx.lu
(Foto: www.gridx.lu)

Et handelt sech an der Haaptsaach ëm Stroossen a Gebaier fir e Käschtepunkt vu 15 bis 60 Milliounen Euro. Déi Motioun gouf an der Chamber eestëmmeg ugeholl. 

Wann d‘Deputéiert des Motioun och unanime ugeholl hunn, esou gouf et awer och vereenzelt Kritik.

Dem LSAP Deputéierten Yves Cruchten no géifen d‘Prozedure vill ze laang daueren. Et géif een de Realitéiten hannendru lafen amplaz fir d‘Zukunft ze plangen. Et géif ee gefaange bleiwen an der Reaktioun op Problemer an net an enger wäitsiichteger Planung fir déi nächst 30 bis 40 Joer. 

"De Robert Goebbels huet a senger Zäit als Bauteminister de gëllene Bagger iwwerreecht kritt. Et gouf de Geck gemaach, well hien aus der Siicht vu Verschiddenen ze vill géif plangen an ze vill géif baue loossen. Abee, ech wënsche mer nach och nach de gëllene Camion, de gëllene Kran an déi gëlle Lokomotiv kritt. Da wäre mer haut nämlech e gutt Stéck virun."

Kritik un engem Tramsarrêt zu Steebrécken beim GridX  

Net nëmmen, datt d‘Autobunnsopfaart do ëm 25 Prozent méi deier gëtt, de Privatpromoteur géif elo och nach en Tramsarrêt geschenkt kréien, esou den Deputéierte vun de Pirate, de Marc Goergen. 

"Dir hutt an Är eegener Budgetsdokumentatioun oder der Chamberskommissioun gewisen, datt do en Trajet rapid geplangt war, datt zu Steebrécke keen Arrêt geplangt war. Deen Arrêt ass geplangt elo ginn, wéi do déi Shoppingzenter realiséiert ginn ass. Dofir hunn ech haut eng Motioun matbruecht, dass Der en Text ausschafft, dass an Zukunft op Demande hi vun esou Shoppingzenteren Arrêtë solle gebaut ginn, dass déi sech och sollen un de Käschte bedeelegen."

Et kéint net sinn, datt et de Steierzueler wier, deen dat Ganzt bezuele wäert, wärend d'Profitter bei engem Private bleiwen. 

Backes: "Ech krut kee Bréif vu Promoteuren"

Eng Kritik, déi d‘DP-Mobilitéitsministesch Yuriko Backes esou awer net gëlle gelooss huet. 

"Ech wëll do och nach eng Kéier soen, nee, ech hat keng Reuniounen. Ech krut och kee Bréiwer, keen Telefon vu Promoteuren. Nach eng Kéier, mir plangen hei no de Mobilitéitsbesoinen. Den Tram soll bei d'Leit kommen, net deen anere Wee. Ech mengen hei hu mer un engem optimiséierte Projet geschafft, dat mat de Buergermeeschteren a mat alleguerten deenen, déi hei direkt implizéiert sinn. An dat am Kader vum Comité politique."

E weidere Punkt an der Chamber war de Bau vun engem neie Laboratoire fir d‘technesch Servicer vun der Landwirtschaft ASTA zu Gilsdref an eng Adaptatioun vum Gesetz iwwer den Asaz vun Dronen un déi europäesch Reglementatioun.

play_arrow Lauschteren