Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kritik um Austausch vu Prisonnéier tëscht Russland an dem Westen

Geopolitik

Kritik um Austausch vu Prisonnéier tëscht Russland an dem Westen

Nom gréisste Austausch vu Prisonnéier tëscht Russland an dem Westen zënter dem Enn vum kale Krich si 26 fräigeloosse Prisonéier an hir Heemechtslänner zeréck gereest.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Fliger mat deem den Austausch vu Prisonéier gemaach ginn ass | © picture alliance/dpa/dpa-Pool | Christoph Reichwein play_arrow
Foto: picture alliance/dpa/dpa-Pool | Christoph Reichwein

 Zéng Prisonéier sinn zeréck a Russland, 13 an Däitschland an dräi an d’USA, dorënner och den amerikanesche Wallstreet Journal Journalist Evan Gershkovich. Däitschland huet eng entscheedend Roll bei deem Deal gespillt. En Deal deen awer net onëmstridden ass.

Virun allem Kritik um Fräiloosse vum “Tiergartenmörder” Vadim Krasikow

Ënnert de Prisonéier déi fräigelooss gi sinn ass nämlech och ee russesche Mäerder, deen 2021 an Däitschland eng liewenslänglech Prisongsstrof krit hat. De sougenannten “Tiergartenmörder”, Vadim Krasikow.

Hien huet viru fënnef ee Georgier mat tschetscheenesche Wuerzelen am Berliner Tiergarten erschoss, warscheinlech am Optrag vum Kreml. D’Famill vum Affer weist sech enttäuscht, datt de Vadim Krasikow, elo - nëmmen e puer Joer no sengem Urteel – fräigelooss gëtt.

Méiglecherweis e Prezendenzfall geschaf

Den CDU-Aussepolitiker Norbert Röttgen sot an engem Interview mam Deutschlandfunk, Däitschland hätt een "gravéierenden Nodeel" a Kaf geholl. Deen Nodeel géif awer gerechtfäerdegt ginn duerch de mënschleche Gewënn, duerch Fräiheet a Befreiung vu Folter fir 16 Mënschen.

Den CDU-Sécherheetspolitiker Roderich Kiesewetter huet awer am “Berliner Tagesspiegel” gewarnt, datt mat der Fräiloossung vum Krasikow méiglecherweis ee Prezedenzfall geschafe gi wier. Dee kéint vu Russland massiv ausgenotzt ginn.

Kritik och vum der Washington Post

Änlech Reaktioun haut an der “Washington Post”: Dee Prisonnéieraustausch hätt nimools dierfen noutwenneg sinn, schreift déi amerikanesch Zeitung, de Wallstreet Journal Journalist Gershkovich an anerer hätten nimools dierfen a Russland gefaange gehale ginn, si hätten näischt gemaach, wat déi Prisongsstrofe géif justifiéieren.

Si wiere vun engem “Diktator” als Geisele festgehale ginn, fir se géint Russen auszetauschen, déi sech richteg strofbar gemaach hätten, dorënner een Attentäter, ee Spioun an ee vun de gréissten Hacker.

Fir Onschëlleger fräizekréien, wier et méiglech, den Austausch ze toleréieren. Awer ënner kale geopolitesche Bedéngungen, déi dem Putin säin Denke bestëmmen, wier dëst ganz kloer eng Victoire fir hien.

Lauschterenplay_arrow