Besonnesch Familljen a Kanner, déi an der provisorescher Struktur um Kierchbierg liewen, wiere ganz prekäre Liewensbedingungen ausgesat, esou d’Juristin vun der CCDH Charlotte Brouxel virun der Press.
Et bräicht dowéinst eng kloer national Gesetzgebung mat Mindestnorme fir Hygiène a Sécherheet.
D’Maison de Retour soll, dem Inneministère no, dozou déngen, Leit déi keng legal Situatioun zu Lëtzebuerg hunn, bei hirem fräiwëllege Retour an d’Heemechtsland ze encadréieren.
D'Fro vun der Fräiwëllegkeet vu Retouren
D’CCDH stéiert sech awer un der Iddi vum “fräiwëllege Retour”, erkläert d’Charlotte Brouxel.
“Et wier falsch ze behaapten, datt all Leit, déi an der Struktur op hire Retour waarden, dat wierklech fräiwëlleg maachen. Vill vun hinne sinn an enger administrativer Sakgaass. Si krute kee Statut a goufen opgefuerdert, d’ONA-Strukturen, an deene se bis ewell gelieft hunn, ze verloossen. Dës Praktik setzt si engem Drock aus, limitéiert d'fräi Entscheedung a maachen de Retour domat quasi gezwongen.”
Der CCDH no, dierft ee Retour nëmmen dann als “fräiwëlleg” bezeechent ginn, wann d'Entscheedung wierklech fräi, informéiert an ouni Drock geholl gi wier.
“Wann d'Alternativ zur Maison de Retour, d'Retentioun oder d'Illegalitéit ass, dann ass et falsch, et als fräiwëlleg duerzestellen. Dës Situatioun ass besonnesch problematesch, wa Kanner betraff sinn. Familljen a sou eng Lag ze bréngen, wou e Refus vum Retour hir Liewensbedingungen, d'Gesondheet oder d'Bildung a Gefor bréngt, ass net ze veräntwerten.”