arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kriminologen: Observatoire de la délinquence misst eng onofhängeg Instanz sinn

National

|
headphones

1 min

headphones

11 min

play_arrow

Kriminologen: Observatoire de la délinquence misst eng onofhängeg Instanz sinn

D‘Kriminologe begréissen, datt d'Chamber sech d'lescht Woch dofir ausgeschwat huet ze analyséieren, ob en Observatoire de la délinquence soll geschafe ginn. Dat wier wichteg, fir besser Statistike kënnen ze maachen, esou den Tom Oswald, President vun der Lëtzebuerger Kriminologen-Associatioun.

headphones

1 min

headphones

11 min

play_arrow

Doduerch kéint ënner anerem och d'Sécherheetsgefill  besser erfaasst sinn, esou den Tom Oswald am 100,7-Interview. Et wier awer wichteg, datt den Observatoire eng neutral Instanz wier. 

"Villäicht kéint een do LISER mat an d'Boot huelen, et kéint een d'Uni mat an d'Boot huelen, de Statec sécherlech och."

Eng onofhängeg Instanz, géif dann och net just déi Etüde maachen, déi der "Regierung an de Krom passen", betount den Tom Oswald. Hir Missioun wier et, d'Donnéeën ze sammelen an der Chamber déi virun ze ginn, fir datt do Decisioune kënne geholl ginn.

play_arrow Lauschteren