Nom Echange huet de Léon Gloden ugekënnegt, datt Informatiounen tëschent de Verwaltungen hei am Land an Zukunft besser sollen zirkuléieren. Dat mam Zil déi organiséiert Kriminalitéit ze stoppen éier se geschitt.
Déi vill Gesiichter vun der Kriminalitéit
Et géif net just eng Form vu Kriminalitéit ginn, sot déi belsch Kommissärin fir Drogen, Ine van Wymersch, um Donneschdegmoie virun der Press. Kriminalitéit hätt vill verschidde Gesiichter.
"En Belgique particulièrement. Ce sont les fusillades qu'on voit à Bruxelles. Ce sont les bombes et grenades qui explosent à Anvers. Mais il y a aussi toute une partie invisible sous l eau. Et ça, c'est le blanchiment d argent, des constructions disruptives qui impactent notre qualité de vie."
Déi verschidde Forme vu Kriminalitéit, misst een op verschidden Aarte stoppen, esou nach d’Ine van Wymersch.
Legal Moyene fir illegal Aktivitéiten
Zu Lëtzebuerg wéilt een an Zukunft virun allen nach méi staark géint déi onsiichtbar Kriminalitéit virgoen: dat huet den Inneminister Léon Gloden erkläert.
Krimineller géifen, och hei am Land, dacks legal Moyen fir en illegale But notzen.
"Dat heescht e Barbershop, eng Epicerie an engem Quartier ass jo eppes Flottes, eppes Attraktives. Mee wann hannendrun eng illegal Aktivitéit verstoppt ass, da muss een agéieren."
Kriminell Bande géifen esou Geschäfter dacks als Virwand notzen, fir Suen ze wäschen.
Holland mécht et vir
Duerch den Echange vun Donnéeën tëschent den Acteuren déi betraff sinn, kéint een dës Form vu Kriminalitéit fréizäiteg stoppen, esou de Léon Gloden.
Hien huet sech dobäi ob e Beispill bezunn, vun der Zesummenaarbecht tëschent Police, Steierverwaltung a Wirtschaftsministère an Holland.
An der Praxis géif et en Echange och zu Lëtzebuerg ginn, ma hie wéilt deen awer gäre formaliséieren, fir datt en nach besser funktionéiert.
"Fir datt mer dann déi national Legislatioun kënnen och gebrauche fir am Kader vum Benelux an doriwwer eraus (...) mat deenen anere Länner zesummen ze schaffen."
Och de Finanzministère an d’Gemenge sollen am Kampf géint déi organiséiert Kriminalitéit an Zukunft besser mat agebonne ginn, sou nach de Léon Gloden.