arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Detailer iwwer Alaska-Treffe bekannt - Trump schätzt Chancë vun engem Echec an

Trump a Putin

|
headphones

2 min

Detailer iwwer Alaska-Treffe bekannt - Trump schätzt Chancë vun engem Echec an

Mat Spannung gi weltwäit d‘Gespréicher tëschent dem US-amerikaneschen an dem russesche President muer um Freideg an Alaska erwaart. Et sinn elo éischt Detailer bekannt: De Kreml huet matgedeelt, datt d‘Gespréicher um 11:30 Auer Lokalzäit ufänken. Dat ass 21:30 owes bei eis.

headphones

2 min

Op der US-Militärbasis Elmendorf-Richardson bei Anchorage soll d'Treffe stattfannen. E strategesch wichtege Site wärend dem Kale Krich. Duerno wier och eng Pressekonferenz virgesinn. 

Nieft dem Putin wier vu russescher Säit och den Ausseminister Sergei Lawrow, an de Verteidegungsminister Andrej Beloussow dobäi.

Donald Trump gesäit Treffen als eng Preparatioun 

Den Donald Trump schléisst awer och net aus, datt dat Treffe mam Wladimir Putin muer kee Succès kéint hunn. Dee Risiko géif hien op 25 Prozent schätzen, esou den Donald Trump an engem Interview op Fox News Radio.

Gläichzäiteg huet den US-President awer och gesot, datt hien dës Reunioun virun allem och als Virbereedung fir en zweet Treffe géif ugesinn. Hie wéilt nämlech elo ganz séier en Treffen zu 3, bei deem och den ukrainesche President Selenskyj dobäi wier. Dat 3er-Treffe wier ganz wichteg, well do wier et, wou een Deal kéint gemaach ginn.

Putin lueft US-amerikanesch Beméiungen

De russesche President steet ënner Drock: Den Donald Trump huet him no de Gespréicher mat der EU gëschter um Mëttwoch mat strenge Konsequenze gedreet, wann de Kremlchef muer net bereet ass, Kompromësser anzegoen. Den Donald Trump fuerdert vum Wladimir Putin, datt hie bereet ass, en Enn vum Krich an der Ukrain anzeleeden.

De russesche President Wladimir Putin huet sengersäits um Donneschdegmoien d‘Efforte vun den USA fir de Krich an der Ukrain op en Enn ze brénge begréisst. Et wieren éierlech an energesch Beméiungen, esou de Putin op enger Reunioun am Kreml.