arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kréie weider Medienhaiser Post vum Affekot vum Jos Nickts?

Affär Nickts

|
headphones

3 min

headphones

9 min

play_arrow

Kréie weider Medienhaiser Post vum Affekot vum Jos Nickts?

Hie war frou, datt säi Client no 5 Joer dee Kampf gewonnen hätt, esou de Me Jean-Paul Noesen, den Affekot vum Jos Nickts, am 100,7-Interview. Eng Gefor fir d'Pressefräiheet gesäit hien dobäi net.

headphones

3 min

headphones

9 min

play_arrow
Jo Diseviscourt | © Jo Diseviscourt
Me Jean-Paul Noesen (Foto: Jo Diseviscourt)

Et wier wichteg fir säi Client, datt säin Numm a seng Biller net méi bei RTL diffuséiert ginn, well hie säi Liewen an Tëschenzäit geännert hätt, esou de Jean-Paul Noesen. 

"Hien huet sech eng nei, total legal korrekt gesetzeskonform Tätegkeet zougeluecht, de Mann schafft haut nach all Dag an hie wëllt net éiweg mussen do dee Gang nach Canossa untrieden an der ëffentlecher Kritik ausgesat sinn." 

Kee Versteesdemech fir d'Reaktioune vun de Medien

Dobäi géif et net ëm Zensur goen, esou de Me Noesen. Si hätte sech net dofir ausgeschwat, datt net méi iwwer d'Affär Nickts geschwat gëtt. 

"Just mäi Client wëllt vermeiden, datt éischtens säin Numm a säi Bild an d'Ëffentlechkeet geréit an zweetens och, datt et op eng Boulevardpress méisseg sensatiounslusteren Aart a Weis presentéiert gëtt."

D'Reaktiounen aus der Mediewelt géif hien iwwerdeems net verstoen. Hie wier schockéiert gewiescht, wéi den Toun an de Medie par Rapport zu enger Geriichtsdecisioun gewiescht wier. 

"An dat Zweet: da gëtt dat presentéiert, wéi wann elo den Hiroshima vun de Lëtzebuerger Medien op eis zoukéim. Dat ass jo total absurd." 

Keng Gefor fir d'Pressefräiheet

D'Geriichtsurteel géif keng Gefor fir d'Pressefräiheet duerstellen, mengt de Me Noesen. 

"Ech géing mer souguer wënschen, se géing iwwer vill aneren Dossieren zu Lëtzebuerg och méi oppe schwätzen, wéi elo just iwwer deen Doten. Also ech gesi keng negativ Konsequenze fir d'Press."

Am Géigendeel - bei villen Dossieren wier d'Press extreem virsiichteg, just bei sengem Client géif drop geklappt ginn. 

"Huet ee schonn d'Gesiicht vun engem vun de Protagonisten aus der Caritas-Affär an iergendengem Medium gesinn? Nee. Huet ee schonn een den Numm geliesen? Nee."

Och als fréiere Kandidat fir d'LSAP a fréiere Gewerkschaftler hätt hien e Recht op seng Personalitéit, esou de Me Noesen. 

Wat blitt anere Medienhaiser? 

Datt den Numm vu sengem Client elo vun anere Medie weider gesot gëtt, kéint op den éischte Bléck schéngen, wéi wann een de Contraire erreecht hätt vun deem wat ee wollt. Am Endeffekt wier et awer esou, datt si och géint aner Medienhaiser kéinte virgoen. 

"Also "virgoe" kléngt sou martialesch, mee ech muss dat och natierlech mat mengem Client beschwätzen, mee ech kënnt mer virstellen, datt ech elo géing an den nächsten Deeg a Woche mol e frëndleche Bréif schreiwen a soen, loosst dat wannechgelift op der Säit, schreift esou vill wéi der wëllt iwwer d'Affär, wann Der da mengt, datt nach een dat haut interesséiert, mee loosst d'Gesiicht vu mengem Client aus de Säiten eraus." 

Den Affekot vum Medienhaus RTL, de Me Urbany, hat ugekënnegt, mat der Affär virun den europäesche Geriichtshaff op Stroossbuerg wëllen ze zéien. De Me Noesen bleift dobäi optimistesch. 

"Éischtens emol muss ee konkreet Schued beweisen, wann ee wëllt zu Stroossbuerg eppes erreechen. Et geet net duer, een hypotheetesche Schued ze hunn, mee et muss ee reelle Schued hunn."

Hie mengt net, datt d'Argumentatioun vum Medienhaus RTL d'Riichter zu Stroossbuerg wäert iwwerzeegen. 

Lauschtert dee ganzen Interview hei. 

play_arrow Lauschteren