arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Me François Prum: Et gëtt keen Euthanasie-Tourismus zu Lëtzebuerg

Kontrollkommissioun

|
headphones

3 min

Me François Prum: Et gëtt keen Euthanasie-Tourismus zu Lëtzebuerg

D'Gesetz wier net esou geduecht, datt Euthanasie-Tourismus géif op Lëtzebuerg kommen. Dat sot de Maître François Prum, hien ass  President vun der Commission nationale de contrôle de l'Euthanasie.

headphones

3 min

Eng Aide-soignante hält d’Hand vun enger Patientin | © picture alliance / Zoonar | Robert Kneschke
Eng Aide-soignante hält d’Hand vun enger Patientin (Foto: picture alliance / Zoonar | Robert Kneschke)

Aus dem neiste Rapport vun der Kommissioun iwwer d'Euthanasie geet zwar ervir, datt et reegelméisseg Ufroen aus dem Ausland gëtt, fir zu Lëtzebuerg de fin de vie anzeleeden, Zuele wéi vill Leit dat ufroen, hätt d'Kommissioun awer net, esou de François Prum.

All zwee Joer schreift d'Kontroll- an Evaluatiounskommissioun iwwer Euthanasie ee Rapport mat Statistiken a Recommandatiounen un d'Chamber. Deen neiste Rapport ass virun enger Woch publizéiert ginn.

Wéi irreversibel ass eng Krankheet? 

All Joer ginn ëm déi 30 Euthanasië gemaach. Am Gros vun de Fäll ass dat wéinst physesche Krankheeten, déi irreversibel sinn, erkläert de Me Prum. Euthanasie wéinst mentale Krankheete géif vill manner heefeg virkommen.

"Et ass net ausgeschloss vum Gesetz, mee dann ass et och natierlech e cas de conscience fir den Dokter, well dir kënnt eng ganz schwéier mental Krankheet hunn, wou der Momenter gutt sidd, wou der Momenter schlecht sidd. Fir do ze determinéieren, ob dat irreversibel ass an och dat Leiden do vun de Leit do ze cernéieren, ass einfach eng extrem komplizéiert Situatioun."

Eng wichteg Konditioun fir d'Euthanasie ass och déi, datt d'Decisioun mat vollem Bewosstsi getraff gouf.

Eng Fro déi sech dacks am héijem Alter stellt, wann d'fatigue de Vie antrëtt. D'Kommissioun recommandéiert an hirem Rapport un d'Chamber, datt d'Politik sech méi mat dem Thema soll ausernee setzen.

Et sollt ee sech scho fréi mam Thema beschäftegen 

An deem Kontext mécht de Maitre Prum op d'Disposition de fin de vie opmierksam.

"Dat heescht, dat si Leit, déi, wa si op engem Stadium, wou si wierklech nach gutt waren, decidéiert hunn, wann ech an enger Situatioun sinn, wou et mer esou lamentabel geet an esou schlecht, datt ech wéilt euthanaséiert ginn, datt dat och kéint duerchgeféiert ginn, wann deen Ament da kënnt an déi Leit sech net méi richteg kënne manifestéieren."

Et wier deemno wichteg, datt zum Beispill an Altersheemer, méi systematesch de Leit gerode gëtt, esou een Dokument auszefëllen.

Den Ament ginn dës disposition de vie kaum benotzt. De Me François Prum proposéiert dofir och, datt d’Regierung eng Campagne sollt lancéieren, fir datt d'Gesellschaft sech nees méi mam Sujet Euthanasie auserneesetzt.

Iwwerdeems ass dës Kommissioun och dofir zoustänneg, no all Euthanasie ze evaluéieren ob se gesetzeskonform war, erkläert de President vun der Commission nationale de contrôle de l'euthanasie. Si kuckt dann ob alleguer d'Konditiounen dofir erfëllt waren. Wéi zum Beispill, ob deen néidege Conseil gemaach gouf an et gëtt gekuckt, wou d'Euthanasie stattfonnt huet: Doheem oder an enger Klinik.

Spezifesch Raimlechkeete fir Euthanasien 

Viru gutt enger Woch huet d'Kontrollkommissioun hire Rapport publizéiert. Aus deem geet ënner anerem ervir, datt bal d'Hallschent vun den Euthanasien a Spideeler gemaach gouf, ouni datt déi spezifesch Raimlechkeeten dofir hätten. 

D’Kontrollkommissioun proposéiert dofir der Chamber, datt et spezifesch Raimlechkeete solle ginn.

"Do si Leit, déi decidéieren, well si an enger ganz onméiglecher Situatioun net méi kënne weiderliewen, fir sech d'Liewen huelen ze loossen, fir do accompagnéiert ze ginn. Dat heescht, et geet am Fong hei prinzipiell och ëm d'Dignitéit vun de Leit. An déi bereeden dat jo vir, déi diskutéieren dat mat hirem Entourage doheem, mat hiren Dokteren. An da kënnt dann op eemol, kënnt dann dee Moment, wou d'Euthanasie praktizéiert gëtt. An ech mengen, dat soll einfach digne iwwer d'Bün goen.

Et wier wuel ze recommandéieren, datt et eng spezifesch Plaz sollt ginn, fir Euthanasien duerchzeféieren, esou de Me François Prum. 

"Ech mengen et ass einfach, fir déi ganz schmäerzhaft Geleeënheet dann op eng ganz propper Aart a Weis iwwer d'Bün ze bréngen."