Radioen

On air

Concert  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kontroll vun Déierepensiounen: ALVA gesäit sech net an der Verantwortung

Liewensmëttel- a Veterinärsverwaltung

Kontroll vun Déierepensiounen: ALVA gesäit sech net an der Verantwortung

D’ALVA ass net zoustänneg fir ze kontrolléieren, ob d'Déierepensiounen eng Autorisatioun hunn oder net. Dat preziséiert d'Liewensmëttel- a Veterinärsverwaltung nom déidlechen Tëschefall rezent an enger Hondspensioun.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Hondspensioun | © Bigstock play_arrow
Foto: Bigstock

Déi concernéiert Pensioun hat net déi néideg Autorisatioun vun der Veterinärsverwaltung, huet d’ALVA an engem Communiqué matgedeelt. Dat ze kontrolléieren, do gesäit d’ALVA sech net an der Verantwortung, seet d’Dr. Bérit Majeres.

"Mir kënnen tatsächlech deenen Autorisatioune ginn, wou mir wëssen, datt se do sinn. Wa mir net wëssen, datt se do sinn, oder datt se sech hei mellen, oder datt mir ra gemellt kréien, datt do eng ass, da kënne mir hinne jo keng ginn, wa mir kennen Dossier de Demande kréien."

Et wier awer um Exploitant fir ze kucken, datt deen all déi néideg Autorisatiounen huet, esou Dr. Bérit Majeres. 

D'ALVA mécht dës Prezisioun nodeems viru ronn 10 Deeg 5 Hënn wärend, respektiv no hirem Openthalt an enger Muppepensioun am Süde vum Land, verstuerwe sinn, an déi concernéiert Pensioun net déi néideg Autorisatioun hat.

Strofe vu bis zu 200.000 Euro si méiglech

Fir eng Hondspensioun opzemaache muss een eng Demande beim Landwirtschaftsministère era reechen, mat de Pläng vun den Infrastrukturen, enger detailléierter Beschreiwung vun de geplangten Aktivitéiten, an enger Lëscht vum Personal mat den néidege Formatiounen iwwer d’Hale vun Déieren, esou d’Dr. Bérit Majeres. Da géife si och op d’Plaz kontrolléiere goen.

"Wéi d’Déiere gehale sinn. Wéi d’Kapazitéit wierklech ass. Op dat och duergeet mat de Raimlechkeeten, mat der Plaz. Wéi d'Konzept opgestallt ass, op dat passt. An alles eben am Aspekt vum Déierewuel."

Sanktioune ginn et net dann, wann ee keng Autorisatioun huet, mee:

"Déi Sanktioune sinn allgemeng am Déiereschutzgesetz. Dat heescht, een deen net konform zu Déiereschutzgesetz ass, wou et Infraktiounen dogéint sinn, dee kann no deene Richtlinne bestrooft ginn."

Déi Strofe kënne bis an d’Héicht vun 200.000 Euro goen, esou nach d’ALVA. Wéi genee et elo fir déi concernéiert Muppepensioun weidergeet, dat ass nach net gewosst. D’Enquête leeft fir de Moment nach.  

Lauschterenplay_arrow