D‘Martine Hansen huet och d‘Resultater vun enger Enquête virgestallt.
Bau- a Renovatiounsaarbechten suerge fir déi meeschte Reklamatiounen
38% vun de Leit haten an de leschten zwee Joer op mannst ee Problem. 44% souguer méi wéi ee Problem. Am heefegste si Probleemer bei Bau- oder Renovatiounsaarbechten, bei gréisseren Transporter, Autoen, Reesen oder och Kleeder.
Déi meescht Leit reklaméieren och, wann se e Problem hunn. 14% awer reagéieren net. An dobäi weist d‘Enquête, datt an zwee Drëttel vun de Reklamatiounen, de Konsument Recht kritt.
Campagne mat Influencer
Déi nei Campagne soll d‘Konsumenten, a virun allem déi Jonk, besser iwwer hir Rechter informéieren. Dofir hunn Influencer bei der Campagne matgeschafft.