arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kongresstourismus: Wéi attraktiv ass Lëtzebuerg als Destinatioun?

Bettina Bunge am Interview

|
headphones

3 min

Kongresstourismus: Wéi attraktiv ass Lëtzebuerg als Destinatioun?

D'Bettina Bunge ass zënter dem 1. November déi nei Direktesch vum Luxembourg Convention Bureau, deen hëlleft, Kongresser hei am Land ze organiséieren. Grad Lëtzebuerg géing vill Virdeeler an deem Beräich bidden. Wéi eng dat sinn, huet d'Bettina Bunge am 100,7-Interview verroden.

headphones

3 min

D'Bettina Bunge ass nei Direktesch vum Luxembourg Convention Bureau. | © Maurice Molitor
D'Bettina Bunge ass nei Direktesch vum Luxembourg Convention Bureau. (Foto: Maurice Molitor)

Déi lescht 8 Joer huet d’Bettina Bunge a Schleswig-Holstein gelieft. Am nërdlechsten däitsche Bundesland war si Direktesch vun der Tourismusagence Schleswig-Holstein. Mat engem Rekordresultat wat Iwwernuechtungen am leschte Joer ugeet, huet si dëse Poste verlooss.

"D'Kréinung vu menger Karriär"

Wéi fënnt een awer de Wee aus dem däitschen Norden op de Kierchbierg? Een Headhunter, esou d’Bettina Bunge, hätt si kontaktéiert. Dës Offer hätt si direkt als "d’Kréinung vun hirer Karriär" empfonnt.

"Hier für ein so internationales Land Werbung machen zu dürfen, Kongresse nach Luxemburg akquirieren zu können, und dass die Stadt und das Land sich für mich entschieden haben."

Kongress bedeit, Zäit an enger Stad ze verbréngen

Touristen a Kongresser sinn op den éischte Bléck zwar ganz ënnerschiddlech, d’Bettina Bunge zitt awer eng Rei Parallellen.

"Wenn man sich um Touristen kümmert, dann schaut man natürlich eher, das zu vermarkten, was an Kultur, an Freizeit, an persönlichen Aktivitäten in Luxemburg stattfindet. Wenn man sich um Kongresse und Tagungen kümmert, dann hat man erstens eine andere Zielgruppe."

Fir Kongresser ze organiséieren ass een am stännege Kontakt mat Entreprisen, Verbänn oder Agenturen. Mee dat hätt och ëmmer eppes mat Tourismus ze dinn, well e Kongress bedeit och, Zäit an engem Land oder enger Stad ze verbréngen, betount d’Bettina Bunge.

Eng 1.000.000 Kongresstouriste pro Joer

Effektiv ass de "Kongress-Tourismus" och e wichtege Facteur fir d’Lëtzebuerger Wirtschaft, erkläert déi nei Direktesch vum Convention Bureau. Iwwer ee Joer verdeelt géingen zu Lëtzebuerg ronn 9.200 esou Evenementer organiséiert ginn. Dat entsprécht enge 1.000.000 Visiteure pro Joer. Dozou zielen awer och Leit, déi aus Lëtzebuerg selwer kommen.

"Also wir machen auch Werbung, dass die Firmen und Forschungsinstitute und Verbände hier aus dem eigenen Land nicht in andere Länder gehen für ihre Tagung, sondern hier im eigenen Land ihre Tagung durchführen."

Wat d’Infrastruktur ugeet hätt si zu Lëtzebuerg eng "grossartige" Situatioun erëmfonnt. Virop ass de gratis ëffentlechen Transport e grousse Virdeel vum Standuert Lëtzebuerg. Dobäi kënnt déi geographesch Lag am Häerz vun Europa a gutt Zuch- a Flugverbindungen.

 Kongresser mat bis zu 500 Leit optimal fir Lëtzebuerg

Wat Plazen ugëtt fir grouss Eventer ze organiséieren, hätt een an de leschte Joren däitlech investéiert. Mat der Luxexpo an dem European Convention Center hätt een zwar gutt Capacitéiten, mee grad de leschtgenannte Standuert ass dacks vum Europäesche Parlament blockéiert.

Weider Investitioune wieren dofir "ëmmer hëllefräich", seet d’Bettina Bunge.

Lëtzebuerg wier e gudde Standuert fir Kongresser, un deene 50 bis 500 Leit deelhuelen.

D'Nopeschlänner sinn déi gréisste Konkurrenz

Egal op Stol, Finanzen oder Weltraumfuerschung: D’Secteuren, déi zu Lëtzebuerg hir Kongresser organiséieren, sinn divers, wéi d’Bettina Bunge erkläert.

"Also zu um die 70 Prozent kommen die Teilnehmer aus dem Land selber und wenn aus dem internationalen Bereich, natürlich vor allem aus den Nachbarländern, aus Deutschland, aus Frankreich, aus den Niederlanden, aus Belgien, auch aus der Schweiz."

Zesumme mat enger Ekipp vun 8 Leit iwwerhëlt d’Bettina Bunge déi verschidden Aufgaben, déi néideg sinn och an Zukunft Kongresser op Lëtzebuerg ze bréngen. Dat wier och een Exercice, dee sech duerchaus iwwer e puer Joer zéie kann, ënnersträicht d’Bettina Bunge.