arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ "Komplett vermasselt": US-Regierung mat Selbstkritik a Saachen Epstein-Affär

USA

|
reading time

1 min

"Komplett vermasselt": US-Regierung mat Selbstkritik a Saachen Epstein-Affär

Den US-Vizepresident JD Vance huet zouginn, datt d'Regierung den Ëmgang mat den Dossiere ronderëm de verurteelte Sexualstroftäter Jeffrey Epstein "komplett vermasselt" hätt. Virun allem d'Kommunikatioun wier feelerhaft gewiescht, sot den JD Vance an engem amerikanesche Podcast.

reading time

1 min

© EPA/JASON SZENES
(Foto: EPA/JASON SZENES)

Gläichzäiteg huet de Vance dementéiert, datt d'Regierung hätt wëllen Informatioune verstoppen. Kritiker reprochéieren hei, datt wichteg Passagen ze staark geschwäerzt gi sinn.