arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kolumbien tauscht keng Geheimdéngscht-Informatioune mat den USA méi aus

No US-amerikaneschen Attacken

|
headphones

1 min

Kolumbien tauscht keng Geheimdéngscht-Informatioune mat den USA méi aus

Kolumbien tauscht bis op Weideres kéng Geheimdéngscht-Informatioune mat den USA méi aus. Dat huet de kolumbianesche President Gustavo Petro gëschter op X annoncéiert. Dat als Reaktioun op d‘Serie vun amerikaneschen Attacken op presuméiert Droge-Schëffer an der Karibik an am Pazifik.

headphones

1 min

EPA/Carlos Ortega | © EPA/Carlos Ortega
Gustavo Pedro (Foto: EPA/Carlos Ortega)

An de leschte Wochen si bei deenen Attacken op d‘mannst 76 Mënschen ëm d‘Liewe komm. Washington seet, et géif sech em Membere vun Drogebanden aus ënnert anerem dem Venezuela handelen déi d‘USA als terroristesch Organisatioune géifen ugesinn.

Déi amerikanesch Attacken hunn zu enger Eskalatioun vun de Spannungen tëschent den USA mat Kolumbien a Venezuela geféiert.