Radioen

On air

Simon Says  |  Getdown Services - Dog Dribble

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Kollektivverträg: D'ALEBA wëll eng Plaz um Verhandlungsdësch

Gewerkschaften

Kollektivverträg: D'ALEBA wëll eng Plaz um Verhandlungsdësch

D‘ALEBA stellt sech hannert déi zwou grouss Gewerkschaften LCGB an OGBL. Deen Aarbechtsminister wëll et méiglech maachen, Kollektivverträg ouni Gewerkschaften kënnen ze verhandelen. De Roberto Mendolia wënscht sech allderdéngs, datt och d‘ALEBA eng Plaz um Verhandlungsdësch kritt.

auto_stories

2 min

headphones

7 min

Roberto Mendolia | © Jo Diseviscourt play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Alleguer d‘Gewerkschafte sollen an de Verhandlungen zu deene Kollektivverträg dobäi sinn, wa si an deem betraffene Secteur representéiert sinn. Dat seet de President vun der ALEBA Roberto Mendola am 100,7-Interview. 

De Roberto Mendolia gesäit sech als Alliéierte vun den zwou grousse Gewerkschaften OGBL an LCGB. Déi eenzeg, déi eng national Representativitéit hunn. Hie wëll hinnen net de Monopol ewechhuelen. Hie wënscht sech éischter ee Matsproocherecht an den Diskussiounen ëm d‘Kollektivverträg. Wann eng Persoun eng Gewerkschaft gewielt huet, da well si wëll vun där Gewerkschaft representéiert ginn, esou de Roberto Mendolia.

De Gewerkschaften eng Plaz um Verhandlungsdësch ze verweigeren, géif och déi gewerkschaftlech Fräiheete verletzen. Datt Gewerkschaften d‘Kollektivverträg aushandele sollen ass iwwerdeems och an enger EU-Direktiv festgehalen, ënnersträicht den ALEBA-President.

"Employéë sollen automatesch syndicaliséiert ginn"

A villen Entreprisen zu Lëtzebuerg gehéieren d‘Personaldelegéiert kenger Gewerkschaft un. Een Argument dat d‘Regierung benotzt, fir hir Propos ze stäipen. Amplaz dowéinst d‘Gewerkschafte vu Verhandlungen iwwer Kollektivverträg auszeschléissen, misst een an déi aner Richtung goen, fënnt de Roberto Mendolia.

"C'est-à-dire qu'il faudrait plutôt syndicaliser les employés de manière, alors je vais peut-être être utopiste, mais de manière quasi automatique. Parce qu'on sait tous qu'un gage de stabilité d'un pays, c'est justement là où les syndicats sont respectés."

Déi Länner mam gréisste Wuelstand wieren déi, wou d‘Gewerkschafte respektéiert ginn, argumentéiert de Roberto Mendolia. Deemno misst een den aktuelle Modell éischter weider stäerken. 

Lauschterenplay_arrow