Am Europaparlament verhäerte sech d’Fronten. Um Mëttwoch kruten d’Fraktioune vun de Lénken an déi vun de rietse "Patriote fir Europa" genuch Ënnerschrëften zesummen, fir zwee weider Mësstrauensvotten am Parlament géint d’Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen ze lancéieren.
Marc Angel: "Eng Ried fir Sozialisten, Liberal an déi Gréng"
Um nämmlechten Dag hat d’Kommissiounspresidentin Ursula von der Leyen hir Ried zur Lag vun der Unioun zu Stroossbuerg an der Plenière vum Parlament gehal. Doran huet si virun allem probéiert, déi ze iwwerzeegen, déi vun Ufank un hanner hir stoungen.
Kloer Aussoe géintiwwer dem Konflikt am Noen Osten, ee Bekenntnis zum Klimaschutz, de Virsaz Problemer am Logement oder d’Energie-Aarmut ze attackéieren: An hirer ware vill Offeren un d’Sozialisten, déi Liberal an déi Gréng, seet de Marc Angel, Europadeputéierte vun der LSAP.
"Et war eng ganz kloer Ried fir déi pro-europäesch Koalitioun a besonnesch adresséiert un d'Sozialisten an d'sozialdemokratesch Fraktioun, un déi Liberalen an un déi Gréng."
Fir de Lëtzebuerger Sozialist huet d’Kommissiounscheffin verstan, datt d’Membere vun där sougenannter "Von der Leyen Koalitioun" enttäuscht iwwer hir Performance am éischte Joer vun hirem zweete Mandat sinn. Si hätt vill versprach, awer nach laang net alles gehalen.
"Si huet dee Moment genau erkannt. An dofir huet si an déi Ried ganz vill Fuerderunge vun eis mat erabruecht."
Tilly Metz: Gutt Wierder, mee deet sech elo wierklech eppes?
D’Kommissiounscheffin hätt bewosst déi Gréng ugeschwat, stellt och d’Tilly Metz fest. Allerdéngs ass déi gréng Europadeputéiert net ganz iwwerzeegt.
"Dat do ass alles schéin a gutt, mee esou Discoursen hu mir scho vun der Madamm von der Leyen héieren, Verspriechungen, wou herno awer à la limite de Géigendeel geschitt ass."
Charles Goerens: Manfred Weber bleift Äntwerte schëlleg
De Charles Goerens vun der DP huet sech an der Ried erëmerkannt. Ëm déi pro-europäesch Koalitioun mécht hie sech nawell Suergen.
Dat läit an éischter Linn um Chef vun der Fraktioun vun der Europäescher Vollekspartei, dem Manfred Weber. Deen hat och e Mëttwoch an der Plenière net gezéckt, fir seng soit-disant Koalitiounspartner a senger Interventioun am Debat iwwer d’Ried zur Lag vun der Unioun schaarf ze attackéieren.
"Dat léisst déif Blécken an doranner gëtt net erkennbar, datt den Här Weber wëllt déi kritesch Mass am Parlament zesummekréien, fir de Programm vun der Madamm von der Leyen ze realiséieren. Do bleift hien dem Parlament eng Partie Äntwerte schëlleg."
D’Ursula von der Leyen huet Dieren opgemaach, seet dozou de Marc Angel, mee elo misst geliwwert ginn.
"Geet den Här Manfred Weber mat sengen Truppen duerch déi Dier? Dat ass déi grouss Fro. Oder wëll hie weider vill Saache réckgängeg maachen an Europa schwächen, an Zesummenaarbecht mat de rietsextreme Parteien."
Isabel Wiseler-Lima: Et gëtt keng Zesummenaarbecht mat Riets
Dat et esou eng Zesummenaarbecht gëtt, streit d’Isabel Wiseler-Lima vun der CSV, selwer Member an där EVP-Fraktioun, weider of. Et géif am Europaparlament just eng eenzeg pro-europäesch Koalitioun ginn.
"Mir hu keng aner. Et ass déi eenzeg, déi mir kënnen als Europa an d'A faassen, wa mir wëlle weiderhin dat, wat mir amgaange sinn ze verdeedegen, fir d'Demokratie ze halen, d'Fräiheet ze halen. Déi kënne mir nëmmen erhalen, mat der ‘Von der Leyen -Koalitioun’, wéi mir se nennen."
Christoph Hansen: Tensiounen net gutt fir konstruktiv Avancéeën
Hire Parteikolleeg, fréieren EU-Deputéierten an elo EU-Kommissär, de Christophe Hansen, bezitt keng direkt Stellung dozou.
"Ech spieren, datt d'Spannung tëschent de Fraktiounen extreem héich war, an datt se méi héich war wéi am leschte Mandat. Déi Tensioune sinn net gutt, fir konstruktiv Avancéeën ze maachen."
Am Juli hat d’Ursula von der Leyen e Mësstrauensvott am Parlament iwwerstan.
Datt elo op seng Cheffin méiglecherweis zwou weider Motion-de-censuren duerkommen, kommentéiert den CSV-Politiker esou.
"Et sinn d'Reegele vum Europaparlament. Dovunner kann een hale wat ee wëllt. Ech mengen, datt wann an dësen Zäite probéiert gëtt, d'Institutiounen ze destabiliséieren, datt dat kontraproduktiv ass, datt dat den europäesche Bierger schuet, datt et den europäesche Betriber schuet. An d'Leit solle sech wierklech d'Fro stellen, wa si esou Destabilisatiounsversich maachen, wat si domadder uriichten a si sollen och hir Responsabilitéit dofir droen."
Fernand Kartheiser: EU brauch riets Koalitioun
Dem Fernand Kartheiser, mëttlerweil onofhängegen EU-Deputéierten, hat den éischte Mësstrauensvott am Juli matgedroen.
Den ADR-Politiker kuckt do erwaardungsgeméiss ganz anescht drop: Et wier Zäit, datt Europa fundamental ännert, an déi aktuell lénks Koalitioun vun der Madame von der Leyen duerch eng riets ersat gëtt, schreift hien an engem Communiqué.