arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Koalitioun vun de Wëllegen: Verhandlungen iwwer multinational Trupp gi weider

Paräis

|
headphones

1 min

Koalitioun vun de Wëllegen: Verhandlungen iwwer multinational Trupp gi weider

Den ukrainesche President Wolodymyr Selenskyj ass fir ee Sommet vun der sougenannter Koalitioun vun de Wëllegen zu Paräis ukomm. Am Mëttelpunkt stinn d‘Sécherheetsgarantie fir d‘Ukrain.

headphones

1 min

Treffe vun der Koalitioun vun de Wëllegen 24-11-2025 | © picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine
Treffe vun der Koalitioun vun de Wëllegen 24-11-2025 (Foto: picture alliance / SvenSimon-ThePresidentialOfficeU | Presidential Office of Ukraine)

D‘USA géifen d‘Surveillance vun engem Waffestëllstand am Ukrainkrich „superviséieren“ an eng multinational europäesch Trupp, am Fall vun engem russeschen Ugrëff, „ënnerstëtzen“. Dat geet aus engem Projet fir d‘Deklaratioun vum Sommet vun der Koalitioun vun de Wëllegen ervirgoen.

D‘Alliéiert vu Kiew wiere prett fir der Ukrain „legal bindend“ Sécherheetsgarantien ze ginn, heescht et weider.

Beim Sommet zu Paräis si Vertrieder aus 35 Länner zesumme komm, dorënner och de Premier Luc Frieden. 

D‘USA ginn duerch de Spezialemissär Steve Witkoff an dem Donald Trump säin Eedem Jared Kushner vertrueden. Och de NATO-Chef Mark Rutte ass sur Place.