D‘Ukrain géif den zentrale Punkte vum US-Friddensplang zoustëmmen, deen de Weekend zu Genf ausgehandelt gouf. De Plang vun ufanks 28 Punkten, gouf op wesentleche Punkten ofgeännert. Et géifen awer nach Punkte bleiwen, déi musse gekläert ginn, esou de Wolodymyr Selenskyj.
Moskau sot iwwerdeems, Russland hätt deen iwwerschaffte Plang nach ëmmer net kritt. Wat genee do dra steet ass och nach net gewosst. Virun allem wat déi territorial Froen an d‘Sécherheetsgarantie fir d‘Ukrain ugeet, feelt et u konkreten Informatiounen.
Agefruere russesch Avoire solle genotzt ginn
Fir d’Länner vun der sougenannter Koalitioun vun de Wëllegen, déi sech gëschter um Dënschdeg iwwer eng Videokonferenz ausgetosch hunn, bräicht d’Ukrain Sécherheetsgarantien.
De franséische President Emmanuel Macron huet no där Reunioun ënnerstrach, datt et kee Wëlle vu Russland géif ginn, fir ee Fridden ze garantéieren. Deemno misst een iwwer Sanktiounen den Drock op Russland verstäerken an der Ukrain weider Mëttel accordéieren.
Aktuell géif d’Koalitioun vun de Wëllegen un enger Léisung schaffen, fir déi agefruere russesch Avoiren ze notzen, fir d’Ukrain ze ënnerstëtzen.
Ukrainesch Arméi soll net limitéiert ginn
Eng weider Fro bleift d’Sécherheet, sollt et effektiv zu enger Wafferou tëschent der Ukrain a Russland kommen, esou den Emmanuel Macron weider.
"Nous allons engager ce travail, en particulier avec les Etats-Unis et l'OTAN. Ensuite, c'est comment on maintient cette paix en dissuadant toute nouvelle agression. Et pour cela, c'est d'abord d'avoir une armée ukrainienne forte. Les discussions à Genève ont montré qu'il ne devait pas y avoir de limitations à l'armée ukrainienne."
Prezis Contributioune solle festgeluecht ginn
Iwwerdeems wäert en Aarbechtsgrupp an d'Liewe geruff ginn - ugeféiert vu Frankräich a Groussbritannien a mat der Hëllef vun der Tierkei - dee sech mat der konkreeter Fro beschäftegt, wéi déi ukrainesch Arméi weider ënnerstëtzt a consolidéiert ka ginn.
Esou sollen an den nächsten Deeg prezis d'Contributioune vun all Land gekläert a Sécherheetsgarantien opgestallt ginn, huet den Emmanuel Macron verséchert.