arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Klinik um Findel: Keng schlecht Iddi, mee nach vill Froen oppen

Gesondheetssecteur

|
headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow

Klinik um Findel: Keng schlecht Iddi, mee nach vill Froen oppen

Nodeems d'lescht Woch d'Pläng  fir eng grouss Doktesch-Praxis um Findel bekannt goufen, gesäit de President f.f. vun der Spidolsfederatioun den Dr. Marc Berna nach eng Rei oppe Froe. Un sech wier et keng schlecht d'Iddi, eosu den Dr. Marc Berna am 100,7 Interview.

headphones

3 min

headphones

13 min

play_arrow

Et misst ënnert anerem awer gekläert ginn, wéi de Projet sech an de Gesondheetssystem kéint integréieren, esou de President f.f. vun der Fédération des Hôpitaux Luxembourgeois, der FHL, an Direkter vun den Hôpitaux Robert Schuman. 

De Moment wier awer nach net kloer gewosst, wat beim Projet vum Dokter Philippe Wilmes um Findel konkret geplangt wier. De Generalsekretär vun der AMMD Philippe Wilmes an Dokter an de Robert-Schuman-Spideeler huet eng Societéit gegrënnt fir eng Klinik um Findel opzemaachen. Dëst soll eng Ergänzung tëschent Spidol an de Cabinet-Doktere ginn. 

Keng Klinik 

De Projet, soll keng Klinik ginn. Dat huet den Dokter Philippe Wilmes am 100,7 Interview betount. Hien huet d'Iddi vun der grouss Doktesch-Praxis zesumme mam Dokter Alain Schmit ausgeschafft. De But vum Projet wier et d’Waardezäite fir d’Patienten ze verkierzen, andeems een eng zousätzlech medezinesch Offer ubitt. 

"Wou Dokteren ebe kënnen a bis zu 15 verschiddene Spezialitéiten nieftenee schaffen. An dat ass en Environnement, dee mir als Déngschtleeschter organiséiere fir d'Doktere vu A bis Z, déi administrativ Servicer maachen, wou dann och Raimlechkeete sinn, déi ekipéiert si fir déi verschiddene Spezialitéiten a wou se dann do kënnen, ouni dass se sech mussen ëm d'Organisatioun vun hirem Beruff ze vill Gedanke maachen, kënnen hire Beruff exercéieren."

Soins Primaires

Mat dësem Projet wéilt een och den Accès zu primär spezialiséierter Medezin verbesseren, esou nach den Dokter Philippe Wilmes. Fir de President f.f.  vun der Spidolsfederatioun Marc Berna, misst ee genee hei usetzen a sech froe wéi gutt dee Projet mat de soins primaires, also den Haus- a Kannerdoktere vernetzt wier:

"Da muss all eenzelen Dokter, dee sech op esou Konzept aléisst, sech och op de ganze System aloossen. Wëssen, wie sinn déi Dokteren, déi mer Patiente schécken? A wou kann ech se duerno weiderschécken? Dat sinn d'Soins secondairen an tertiairen an eise Klinicken oder am Ausland. Mir brauchen déi Integratioun a keng Fragmentatioun"

 D’Basis vun all gudde Gesondheetssystem wieren eeben d’Soins primären. Hie gesäit awer och nach eng weider Gefor: 

"An also et gëtt e Besoin, wéi ech gesot hunn, vu verschidde Spezialisten. Mee et gëtt och aner Saachen, déi mer, mengen ech, am Land net méi brauchen. Ech weess net, ob mer nach Kardiologen ausserhalb vun de Klinicke méi brauchen. Ech weess net, ob mer nach weider Doktere brauchen, fir zum Beispill Botoxinjektiounen ze maachen, rëm eng Kéier. Ech weess net, wat um Findel geplangt ass an ech wëll déi Saachen elo do net matenee vermëschen an duerchernee bréngen. Mee dat si Saachen, déi mer am System net brauchen."

Et misst een op alle Fall evitéieren, datt spezifesch Aktivitéiten aus de Spideeler ausgelagert géife ginn, a Personal aus de Klinik fortgeet. Besonnesch wann dat aus finanzielle Grënn géif geschéien, esou nach de President f.f.  vun der Spidolsfederatioun Marc Berna. 

play_arrow Lauschteren
play_arrow Lauschteren